I.
Waasser ass Liewen
A Süd-Afrika soll eng Kéier folgend Experiment gemaach gi sinn: Eng Grupp Buschmänner ass op eng grouss Technik-Ausstellung bruecht ginn, wou hinnen déi modernste Leeschtunge vun eiser Zivilisatioun virgefouert gouwen. D’Begéignung vun deenen zwou Welten - der sougenannter primitiver an der techniséierter - war natierlech eng grouss Attraktioun. Wéi sollten si reagéieren? Wat sollt de meeschten Androck op si maachen? Si ware weder vum Iwwerschallfliger nach vun de Computeren am meeschte faszinéiert, mee vun engem Waasserkrunn an der Kichen. Datt aus enger Mauer kostbart Waasser erausgezaubert konnt ginn, war fir si dat entscheedend Erliefnes. Jo, dee Waasserkrunn hat eppes mat hirem Liewen ze dinn. Si wossten aus dem eegenen Erliewen, wat Duuscht ass; si wossten aus der eegener Erfahrung, wat Dréchent bedeit - d’Hongere vum Mënsch, vum Véi a vum Buedem no Waasser. Well et hiert Liewe betraff huet, duerfir war dat fir si dat gréisst Wonner.
Jo, Waasser ass e Wonner. An et huet och mat eisem Liewen ze dinn. Waasser ass d’Quell vum Liewen. Net nëmmen, datt d’Liewen aus dem Waasser entstan ass, mee ouni Waasser ass och kee Liewen op eiser Welt méiglech.
Och an der Bibel ass d’Waasser e symbolträchtegt Element. Bei den entscheedende bibleschen Episoden spillt et eng Roll: bei der Erschafung vun der Welt war Gottes Geescht iwwer der Urflut (vgl. Gen 1,1-2); da bei der Sintflut (vgl. Gen 7-8), beim Duerchzug vun den Israeliten duerch d’Rout Mier (vgl.: Ex 14,15-31), bei der Daf am Jordan (vgl. Mk 1,9-11), bei der Samariterin um Jakobsbuer (vgl. Joh 4,1-26), bei der Kräizegung op Golgotha, wéi nom Lanzestouss Waasser a Blutt aus der Säit vum Gekräizegte gefloss sinn (vgl. Joh. 19,31-37), a schléisslech bei der Erscheinung vum operstanene Christus um Séi vun Tiberias (vgl. Joh 21,1-19).
Mat dem Pastoralprojet „DräiSchrëtt“ lued d’Kierch zu Lëtzebuerg äis an, de Wee zréck zur Quell ze goen, andeems mer dëst an déi nächst zwee Joer op déi dräi Sakramenter kucken, déi am Ufank vum chrëschtleche Liewe stinn: d’Daf, d’Eucharistie an d’Firmung. „Duerch déi Sakramenter gëtt de Mënsch an d’Geheimnis vu Jesus Christus erageholl a gëtt Member vun der Kierch.“ (DräiSchrëtt: sech opmaachen, deelen, wuessen - E pastorale Projet / Pastoralbréif 2005. Erzdiözes Lëtzebuerg (Hrsg.), S. 6) Am Projet DräiSchrëtt ginn d’Sakramenter a Verbindung gesat mat den Elementer: Waasser fir d’Daf, Äerd fir d’Eucharistie, Feier a Wand fir d’Firmung.
An dësem Joer solle mer äis op de Wee maachen, fir eis Daf nei ze entdecken. D’Waasser ass dat entscheedend Element bei der Daf. Dorëms soll et och hei goen.
II.
D’Sakrament vun der Daf - Liewesgemeinschaft mat Christus
D’Daf ass déi Symbolhandlung, déi am Neien Testament am heefegste genannt gëtt. Eng wichteg Vir-Etapp ass d’Daf vum Johannes, deen d’Mënschen zur Bouss opgeruff an am Jordan gedeeft huet. De Jesus selwer huet sech, aus Solidaritéit mat äis Sënder, dëser Daf ënnerzunn. Mä d’Daf a Christus, déi eigentlech chrëschtlech Daf, déi vun Ufank un an der Kierch praktizéiert gouf, geet doriwwer eraus: Si mécht äis net nëmme fräi vun der Ierfsënd, dat heescht vun der innerer Bindung un eng negativ infizéiert Welt, a setzt äis erëm op eng gutt Bunn - déi Bunn, déi bei Gott leeft. Si verbënnt äis och mat deër Quell, déi Gott selwer ass an déi vu Gott hir fléisst an eist Liewen.
D’Daf ass e Sakrament - et ass dat éischt Sakrament um Wee vun der chrëschtlecher Initiatioun. Wat wëllt dat Wuert „Sakrament” soen? Gott kënnt an engem kierchlechen Zeechen, engem Gest, konkret an eist Liewen. Am Sakrament vun der Daf gëtt deen, de gedeeft gëtt, vun do un mat Jesus Christus verbonnen: mam Geheimnis vu sengem Liewen, vu sengem Doud a senger Opersteung. En deet Christus gewëssermoossen un, sou wéi dat wäisst Dafkleed bei der Feier vun der Daf. D’Daf bedeit dohir och d’Opnahm an d’Kierch, de mystesche Läif vu Christus: him gi mer bei der Daf agegliddert. Als gedeefte Chrëschten si mer Bridder a Schwësteren vu Jesus Christus an och ënnereneen.
D’Waasser ass dat opfällegst Symbol vun der Daf. Et gëtt nach aner Begleitzeechen, déi bei der Daf eng Roll spillen: d’Salbung mat Chrisam - mer gehéieren elo zu Christus, dee Priister, Prophéit a Kinnek ass; d’Dafkäerz - mer kréien d’Liicht vu Christus, dat eist Liewen hell mécht.
D’Element Waasser ass dobäi och e Symbol fir déi geeschteg Fruchtbarkeet. D’Daf bewierkt, datt mer reng gewäsch ginn vu Sënd a Schold. An duerch si spruddelt an äis eng Quell, déi ni ausdréchent. Et ass d’Quell vum Hellege Geescht, aus deër mer ouni Enn schäffe kënnen.
Am Normalfall sinn et bei äis Kanner am fréihen Alter, déi duerch d’Sakrament vun der Daf an d’Liewesgemeinschaft mat Christus an an d’Gemeinschaft vun der Kierch opgeholl ginn. D’Praxis vun der Kannerdaf gëtt haut gelegentlech hannerfrot: Ass dat net eng Entscheedung iwwer de Kapp vum Kand ewech? Misst d’Dafsakrament net villméi eng perséinlech Gewëssensentscheedung an engem spéideren Alter sinn?
D’Berechtegung, Kanner am fréihen Alter ze deefen, kann net un der Fro hänken, wéi fräi sech Kanner entscheede kënnen oder net. D’Elteren treffen noutwendegerwäis och aner wichteg Virentscheedungen fir dat spéidert Liewe vun hire Kanner, z. B. wat hir Sprooch, hir Ausbildung, hir Wäert-Erzéiung ugeet. Esou ass et normal, datt se hirem Kand och wëllen Undeel ginn un hire reliéisen Iwwerzeegungen. Kënne mer de Kanner Gott virenthalen, wa mir iwwerzeegt sinn, dass eis Relatioun mat Gott eppes Wichteges, jo eppes Wäertvolles a Schéines ass?
D’Berechtegung vun der Kannerdaf ergëtt sech also aus dem Wiese vun der Daf selwer. Well do kënnt jo d’Liewe vum Kand mam Schicksal vu Jesus Christus a Beréierung. Et ass net nëmmen als Kand vu sengen Elteren a vu senger Famill ze gesinn, mee als Kand, mat deem Gott en neien Ufank setze wëllt. Gott hëllt et an der Daf als säi Kand, als Kand vu Gott, un; an zugläich als Brudder oder Schwëster vu Jesus Christus. Gläichzäiteg schenkt en him säin Hellege Geescht als Kraaft fir d’Liewen. Esou gëtt de Mënsch duerch d’Daf eragebuer an d’Liewe vum dräifaltege Gott - an dat ouni dass hien selwer eppes derzou bäidroe muss, aus purer Gnod also.
III.
Chrëscht ginn - Chrëscht sinn
Eist Liewen aus dem Glaf fänkt mat eiser Daf un. De Glaf ass awer e Wuesstemsprozess. De Wee mat Gott, dee mat der Daf ugefaang huet, muss sech entfalen a wuesse kënnen. Duerfir spiere mer an äis den Appell, dëse Wee konsequent weiderzegoen - mat Gott.
All Mënsch brauch Begleeder op deem Wee, an zwar vun Ufank un. D’Daf ass dohir och en Engagement fir d’Elteren, fir Pätter a Giedel, awer och fir all Fraen a Männer aus der grousser chrëschtlecher Famill, fir dee reliéise Cheminement vun den Neigedeefte matzegoen a matzedroen. Duefir ass et ëmsou méi sënnvoll, wann d’Daffeier selwer eng Gemeinschaftsfeier ass.
Mir alleguer si leschtlech opgefuerdert ze bezeien, aus watfir enger Quell mir selwer liewen. A mir mussen äis och ëmmer erëm beméien, eisen eegene Glaf ze stäerken. Well, wat net geniert gëtt, dréchent aus. Et bidden sech am Laf vum Kierchejoer esou munch Geleeënheeten, fir sech bewosst an dankbar un eis eegen Daf ze erënneren - an der Ouschternuecht besonnesch.
Neigebuer ginn an der Daf ass iwwer dat punktuellt Ereegnes eraus den Ufank vun engem kontinuéierleche Prozess. Et ass eng Christusentscheedung op Liewenszäit, bei deër déi gëttlech Gnod an déi mënschlech Fräiheet zesummewierken.
An de leschte Joeren huelen d’Ufroe vun Erwuessenen zou, déi sech deefe wëlle loossen. Fir deër Demande nozekommen, bitt d’Diözes am Kader vum Projet DräiSchrëtt zënter Dezember 2005 e katechumenale Virbereedungswee fir Erwuessener un. Eng ähnlech Initiative gëtt et och fir Kanner, déi sech am Schoulalter fir d’Daf entscheeden.
IV.
Chrëschtlech Identitéit - aus der Daf eraus liewen
An der fréier Kierch war d’Daffeier e Ritus, dee bei alle Leit, déi derbäi waren, e staarken Androck hannerlooss huet. Déi erwuessen Kandidaten - d’Katechumenen - si ganz an d’Dafbecken ënnergedaucht als Zeechen, datt si mat Christus begruewen an operstane sinn. Duerch d’Daf hunn si eng nei Existenz kritt: si sinn a Christus neigebuer. Vill waren dowéinst souguer bereet, Verfolgung op sech ze huelen.
Wat awer heescht et fir äis, aus der Daf ze liewen? Wat heescht et iwwerhaapt Chrëscht ze sinn? Watfir eng Chance hunn ech, wann ech an der Gemeinschaft mat Jesus Christus liewen?
Bedeit aus der Daf eraus ze liewen net, méi bewosst an authentesch ze liewen, souzesoen aus enger anerer Dimensioun eraus? Aus der Dimensioun vun der Gnod an net nuren aus perséinlecher Leeschtung? Bedeit et net och, aus ënnere Quellen ze liewen, net eleng aus eegener Kraaft an eegener Kompetenz? Et bedeit, dass mer den dräifaltege Gott bewosst mat an eist Liewen huelen - dee Gott, deen sech äis ëmmer neess nei schenkt. D’Erënnerung un eis eegen Daf kann äis entlaaschten vun der Virstellung, ëmmer alles selwer maachen ze missen. D’Erënnerung un eis Daf kann äis staark maachen a fräi vun der Angscht, nëmmen aus eiser Kraaft liewen ze missen. Well mir hunn net nëmmen déi Kraaft, déi mer an eisem Kierper spieren, an äis fléisst d’Quell vum Hellege Geescht - an déi ass onbegrenzt.
D’Zougehéieregkeet zu Christus duerch d’Daf huet och Konsequenzen fir eist ethescht Liewen. Glaf ass och ëmmer geliefte Glaf an der Gemeinschaft vun deenen, déi mateneen dem Jesus noginn, an an der ganzer Menschheetsfamill. Esou si Chrëschten an éischter Linn derzou opgefuerdert, d’Geboter vum Jesus ze befollegen, besonnesch dat vun der Gottesléift an Nächsteléift.
Aus der Daf eraus liewen heescht och, sech fir Gott a fir d’Liewen ze entscheeden. „Gott ass e Frënd vum Liewen” („Gott ist ein Freund des Lebens: Herausforderungen und Aufgaben beim Schutz des Lebens“ / Gemeinsame Erklärung der Deutschen Bischofskonferenz und des Rates der Evangelischen Kirche in Deutschland, 1989). Hie schaft an erhällt Liewen. Chrëschte stinn an fir d’mënschlecht Liewen an all senge Facetten, och fir dat ongebuerent, fir dat krankt, fir dat schwaacht Liewen. D’Element Waasser weist a senger Zouuerdnung zur Daf och a Richtung vun engem verantwortlechen Ëmgank mat den natierleche Ressourcen vun eiser Äerd.
Aus der Kraaft vun der Daf liewen heescht op alle Fall net zu allem Jo an Amen soen. Déi logesch Konsequenz vum Glaf ass den Témoignage - Zeechnes ginn. E Sakrament ass e Geschenk vum Herrgott. E Geschenk vum Herrgott ass ëmmer och Aufgab: Chrëschte sinn Zeien. An Zeie sinn heescht, sech aktiv a kreativ abréngen an d’Gestaltung vu méi enger mënschefrëndlecher, fräier a friddlecher Welt.
Schluss
Léif Schwësteren a Bridder! Iwwer de Wee vum Projet DräiSchrëtt soll d’Gespréich ronderëm d’Fundamenter vun eisem Glaf erëm nei a Gang kommen. Do spillt d’Daf eng wichteg Roll. Vläicht kënne mer zesummen dru schaffen, datt sech eis Dafpraxis am Sënn vun de Bedürfnisser vun der Zäit erneiert an datt mir selwer erëm léieren, nei aus dem Geheimnis vun der Daf eraus ze liewen. D’Verlaangeren an d’Sich vun esou ville Mënschen no Sënn, no der Quell vum Liewen, däerf net eidel ausgoen, mee muss en Zil hunn. Fir äis heescht dat Zil: Jesus Christus, deen sech äis an de Sakramenter zouwend, äis räich beschenkt an äis eng Missioun gëtt.
Mir wëlle Maria, eiser Patréinesch, ganz besonnesch déi un d’Häerz leeën, déi duerch d’Daf an d’Gemeinschaft vu Gott a vun der Kierch opgeholl ginn. Si, déi hire Jong op sengem irdesche Wee net verlooss huet, soll och äis an eis chrëschtlech Gemeinschaften um Wee zur liewensspendender Quell, déi Christus selwer ass, begleeden.
Lëtzebuerg, op Liichtmëssdag, den 2. Februar 2006