+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Dir sidd heiHomepage >
 
Spiritualité / Spiritualität
De Lëtzebuerger Evangeliar
Den 1. Adventssonndeg (29. November 2009) huet d’Äerzbistum Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat den éditions saint-paul en Evangeliar op Lëtzebuergesch erausgin. An dësem Evangeliar fënnt een d’Evangelientexter vun de Sonndeger a vun de grousse Festdeeg fir d’Liesjoren A, B an C an d’Evangelie fir d’Oktavzäit. En ass mat Biller vum Jean-Marie-Biwer illustréiert, an et gëtt en an zwee Formaten: am Groussformat, fir de festleche liturgesche Gebrauch, an an engem handleche Format, fir den Hausgebrauch a fir déi perséinlech Lektür a Meditatioun.

Am Virwuert schreift den Äerzbëschof Fernand Franck: “Mat dem Evangeliar, deen elo virläit, gëtt fir eis Kierch hei zu Lëtzebuerg a fir all eis chrëschtlech Gemeinschaften eng grouss Lacune opgefëllt. Well et war net normal, datt déi fundamental Texter vun eisem chrëschtleche Glaf, déi d’Evangelien duerstellen, bis elo net an enger zouverléisseger Iwwersetzung an eiser Mammesprooch zougänglech waren. Nëmmen iwwer esou eng Iwwersetzung kann deen Dialog tëscht Bibel a Kultur, wéi e vun der Bëschofssynod iwwer dem Herrgott säi Wuert (Oktober 2008) gewënscht gouf (Propositioun 41), och hei zu Lëtzebuerg richteg zustane kommen. An deem Sënn ass deen Evangeliar, dee mir elo an den Hänn hunn, ganz sécher och eng Beräicherung vun eiser Lëtzebuerger Kultur.”

Am Aarbechtsgrupp „Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch“ sinn – am Optrag vum Mgr. Fernand Franck: Claude Bache, Fränz Biver-Pettinger, Jeannot Gillen a Carine Hensgen.

Formater a Präisser:
Groussformat: Gebonnen, 28 x 39 cm, 514 Säiten. Präis: 470 €. ISBN: 978-2-87963-765-5.
Handformat: Gebonnen, 14 x 19,5 cm, 518 Säiten. Präis: 56 €. ISBN: 978-2-87963-766-2.

Verkaf / Bestellung:
Et kritt een den Evangeliar an de Bicherbutteker oder einfach, andeems een d’Zomm op de BCEE-Kont vu saint-paul luxembourg LU61 0019 1300 6666 4000 iwwerweist, mam Vermierk vum Titel. D’Buch gëtt ouni weider Käschten heemgeliwert. Et ass och ze kréien iwwer www.editions.lu .


De “Schlëssel” op cathol.lu

Bei villen Texter fannt Dir e «Schlëssel» fir d’Evangelium vum jeeweilege Sonndeg. D’Fränz Biver-Pettinger huet déi Texter vum Sonndesevangelium an en zäitleche Kontext gesat a liwwert Erklärungen, déi hëllefen, d’Texter besser ze verstoen.

 
 
 
Info

De “Schlëssel” op cathol.lu

Bei villen Texter fannt Dir e «Schlëssel» fir d’Evangelium vum jeeweilege Sonndeg. D’Fränz Biver-Pettinger huet déi Texter vum Sonndesevangelium an en zäitleche Kontext gesat a liwwert Erklärungen, déi hëllefen, d’Texter besser ze verstoen.

© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/pelerinages-wallfahrten/octave-oktave/octave-2012-28-abrell-bis-13-mee/homelies-2012-priedegten-2012/

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés