lb fr pt en
Sonndesmass  
29. Dezember 2022

D’Mass op Neijoerschdag gouf vun Habscht iwwerdroen

Den 1. Januar gouf d’Sonndesmass vun Habscht iwwerdroen. Et séngt d’chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht. Kantor a Virsänger as den André Wio, Organist de Luc Rollinger. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Mass op Neijoschdag

D’Joer 2022 gehéiert der Vergaangenheet un, mat dem 1. Januar starte mer an ee Neit Joer. Wat soll dat Joer bréngen? Am Vertrauen, dass den Härgott et gutt mat äis mengt, feiere mer op Neijoschdag d’Sonndesmass an der Nikloskierch zu Habscht. An de Bléck gëtt um Oktavdag vu Chrëschtdag erëm an d’Krëpp geleet, wou mer dat Kand gesinn, mat deem d’Zukunft ugefaangen huet, dat Kand, wat äis seng Ärem entgéintstreckt. Et ass datselwecht Kand, wat dräiandrësseg Joer méi spéit vum Kräiz erof zu senger Mamm seet: „Kuck, Deng Kanner“. Um Neijoschdag feiert d’Kierch och d’Héichfest vun der Gottesmamm Maria. Eng einfach Fra vun Nazaret gëtt Gottesmamm. A si gëtt zu eiser Mamm. Vertraue mer hiert dat neit Joer un, duerch dat si äis begleede wäert, ee Joer, wat mer mat hier an déi göttlech Hänn leeën. An do kann de Psalm 121 äis hëllefen:
Ich hebe meine Augen auf zu den Bergen. Woher kommt mir Hilfe? Meine Hilfe kommt vom HERRN, der Himmel und Erde gemacht hat. Er wird deinen Fuß nicht gleiten lassen, und der dich behütet, schläft nicht. Siehe, der Hüter Israels schläft und schlummert nicht. Der HERR behütet dich; der HERR ist dein Schatten über deiner rechten Hand, dass dich des Tages die Sonne nicht steche noch der Mond des Nachts. Der HERR behüte dich vor allem Übel, er behüte deine Seele. Der HERR behüte deinen Ausgang und Eingang von nun an bis in Ewigkeit! (Psalm 121, 1-8)

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée Improvisatioun iwwer d’Agangslidd
Agangslidd Ein Kind geboren LD 392
Kyrie Licht das uns erschien LD 116
Alleluia Alleluia LD 205
Gowelidd (Uergel) Offertoire en do majeur César Franck
Sanctus Heilig, heilig LD 395.4
Agnus Dei Agneau de Dieu LD 282
Kommioun (Uergel) Das alte Jahr vergangen ist Johann Sebastian Bach
Schlusslidd Von guten Mächten LD 328
Sortie Happy New Year Natalia Jespersen

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu