lb fr pt en
Sonndesmass  
30. März 2023

D’Mass op Pällemsonndeg gouf vum Howald iwwerdroen

Den 2. Abrëll op Pällemsonndeg gouf d’Sonndesmass vum Houwald iwwerdroen. Et huet d’Chorale Sacré-Cœur Howald ënnert der Direktioun vum Carlo Marx gesong, op der Uergel begleet vum Romain Ludwig. Solistin war d’Nicole Dielissen. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Sacré-Coeur Howald

D’Chorale Sacré-Cœur vum Houwald ass 1949 als gemëschte Chouer gegrënnt ginn, besteet haut allerdéngs nëmmen nach aus 10 Dammen, di ëmmer do sinn, wa se gebraucht ginn an dat mat Freed an Engagement. Hinnen an deene Leit, di eis hëllefe komme fir extra Geleeënheeten, villmools Merci!

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Improvisatioun iwert d’Agangslidd
Agangslidd Tochter Zion G. F. Händel
Kyrie Deutsche Messe F. Schubert
Zwëschegesank O, Haupt voll Blut und Wunden J. S. Bach
Offertoire Gott, wir bringen vor dich, was wir haben W. Heurich
Sanctus Deutsche Messe F. Schubert
Anamnes Crucem tuam Taizé
Agnus Dei Deutsche Messe F. Schubert
Kommioun Give to my eyes, Lord R. Corp
Schlusslidd Lasst fröhlich uns singen LD 427
Sortie Improv. iwer Hosanna filio David

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu