lb | fr | pt | en |
D’Mass um 12. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Wooltz iwwerdroen
De 25. Juni gouf d’Sonndesmass vu Wooltz iwwerdroen. Et huet d’Chorale Municipale Sainte-Cécile Wiltz gesong, Dirigent war de Josy Putz an Organist de Claude Windeshausen. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Municipale Ste-Cécile Wiltz
Musek a Gesank spillen zu Woltz zënter jee eng grouss Roll. Vun 1867 un gouf et zu Woltz zwou Paren an domat och zwee Chéier. Zënter 1970 hunn dës Chéier enk zesummegeschafft fir dunn 1999 ze fusionnéieren. D’« Chorale Municipale Sainte-Cécile Wiltz » séngt souwuel ee geeschtleche wéi och ee weltleche Répertoire. D’Haaptmissioun vum Chouer läit doran, d’Massen ze verschéineren a kulturell Evenementer vun der Wëltzer Gemeng musikalesch z’ënnermolen.
An de leschte Joren huet de Chouer och eng Rei Concerte mat Orchester gesongen, dëst ë.a. um Wëltzer Festival an an der Philharmonie zu Lëtzebuerg.
Zënter méi wéi 40 Joer, spillt de « Wëltzer Gesank » all Joer eng lëtzebuergesch Operett.
De Chouer zielt am Moment 40 aktiv Memberen a gëtt vun 1967 un vum Josy Putz dirigéiert. Zënter 2018 deelen sech de Josy Putz an de Claude Windeshausen d’Direktioun vun der Chorale.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Choralvorspiel ‚Lobe den Herrn‘ | Johann Gottfried Walter |
---|---|---|
Agangslidd | Lobe den Herren, den mächtigen König | LD 92 |
Kyrie | Missa brevis in G | Heinrich Walder |
Gloria | Missa brevis in G | Heinrich Walder |
Tëschegesank | O Seigneur, Dieu de Paix | |
Alleluja | Alleluja | Claude Windeshausen |
Credo | gëtt gebiet + Nous le croyons | LD 213 |
Gowelidd | ‚Jubilate Deo‘ – Psalm 100,1-3a | Robert Jones |
Sanctus | Sanctus – Benedictus | Heinrich Walder |
Anamnes | Geheimnis vum Glawen | LD 264 |
Vater unser | Pater noster | Luc Rollinger |
Agnus Dei | Agnus Dei | Heinrich Walder |
Kommiounslidd | Jesus bleibet meine Freude | Johann Sebastian Bach |
Schlusslidd | Gross ist der Herr | Carl Philipp Emanuel Bach |
Uergel: Sortie | Fanfare | Jacques-Nicolas Lemmens |