lb fr pt en
Sonndesmass  
6. August 2021

D’Mass um 19. Sonndeg am Joreskrees gouf den 8. August vun Habscht iwwerdroen

Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf den 8. August um 9 Auer aus der Kierch vun Habscht iwwerdroen. D’Chorale Sainte Cécile vu Sëll huet ënnert der Direktioun vum André Wio gesongen a gouf op der Uergel begleet vum Raoul Schmit. D’Mass gouf als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.

D’Chorale Sainte Cécile vu Sëll

Gegrënnt ginn ass d’ « Chorale Sainte Cécile vu Sëll » em 1860 als kierchlechen Männerchouer; 1996 ass dunn decidéiert gi fir aus dem Männerchouer en gemëschten Chouer ze maachen. Am Joer 2009 hunn mer eisen 150ten Anniversaire gefeiert.
Haut sinn mer zesummen mat eisem Dirigent, dem André Wio, zu 12 Memberen (7 Dammen an 5 Hären). Aktiv si mir weider als Kierchechouer. Fir Leit, déi interesséiert sinn: eis Prouwen sinn all Mëttwochs vun 8 Auer owes un an der Kierch ; jiddereen ass häerzlech wëllkomm fir bei eis matzemaachen.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Suite Gothique L. Boëllmann, op. 25
Agangslidd Lobe den Herrn meine Seele LD 70
Kyrie Jésus, berger LD 132
Gloria Ich lobe meinen Gott LD 594
Alleluia Alléluia LD 204
Credo gëtt gebiet
Gowebereedung Chercher avec toi LD 523
Sanctus Hosanna, hosanna LD 355
Agnus Dei Agneau de Dieu LD 356
Kommioun Voici le pain LD 299
Schlusslidd Aus dem Lande deiner Väter LD 610
Sortie Sortie en fa majeur F. Barré

Et séngt d’Chorale Sainte Cécile vu Sëll
Direktioun: André Wio
Uergel: Raoul Schmit

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu