lb | fr | pt | en |
D’Mass um 20. Sonndeg am Joreskrees gouf vun der Giischterklaus iwwerdroen
D’Sonndesmass de 14. August gouf vun der Giischterklaus iwwerdroen. D’Chorale Sängerfrënn vun der Giischterklaus hunn d’Mass gesongen, ënnert der Leedung vum Thomas P. Osborne a begleet vum Organist Jos Majerus.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
Tëleesmass op der Giischterklaus
Et ass esou lues zu enger Traditioun ginn : mat enger Tëleesmass gëtt den Ufank vun der Muttergotteswoch op der Klaus ëm d’Fest vu Mariae Himmelfaart gefeiert. Dëst Joer gëtt déi musikalesch a gesanglech Gestaltung vun engem ad hoc Grupp vu Sängerfrënn vun der Giischterklaus a vum Organist vun der Basilika, dem Jos Majerus, zesumme mat deene Leit, déi sech do reegelméisseg an de Gottesdéngschter treffen, assuréiert. D’Kapell vun der Hieseleter Madonna ass zu engem Uert vun der Rou a vum « Ressourcement » gi fir vill Leit, déi dohinner komme fir e Gottesdéngscht, eng Andacht, eng Vesper, e Gebiedsmoment oder eng einfach Visite. Dëst Joer invitéiert de Choix vun de Lidder ons fir déi verbuerge Quelle vun Hoffnung, Liewen a Kraaft an ons, an onsem Glawen an an onser Gemeinschaft nei ze entdecken a lieweg ginn ze loossen. « Réveille les sources de l’eau vive qui dorment dans nos cœurs », esou d’Lidd vum Jo Akepsimas a Michel Scouarnec. Esou Quelle si liewensnoutwenneg an der Wüstenzäit, déi mir an onser Welt op ganz verschidden Art a Weisen erliewen : « Bewahre uns, Gott, behüte uns, Gott, … sei Quelle und Brot in Wüstennot… ». Häerzlech Aluedung !
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Präludium in G (BWV 568) | J. S. Bach |
---|---|---|
Agangslidd | Réveille les sources de l’eau vive | J. Akepsimas, M. Scouarnec (LD 326) |
Kyrie | gëtt gebiet | |
Gloria | Gloria/Ehre sei Gott | J. Berthier, Heino Schubert (GL 168,1- 2) |
Zwëschegesank | Wirf dein Anliegen auf den Herrn | Klaus Heizmann, Sebastian Rau |
Alleluja | Allelula | J. Berthier (LD 204) |
Credo | gëtt gebiet | |
Offertoire | Bewahre uns, Gott | Anders Reuth, Eugen Eckert (GL 453) |
Sanctus | Sanctus | J. Berthier (LD 254) |
Agnus Dei | Lamm Gottes | Jean-Marie Kieffer (GL 205) |
Kommioun | Fughette in C über BACH op. 123a | Josef Gabriel Rheinberger |
Schlusslidd | Helleg Maria, du prächtig Fra (Hieselter Madonna) | Laurent Drees, Mathias Feider |
Sortie | Fugue in E minor | Thomas Sanders Dupuis |