lb | fr | pt | en |
D’Mass um 25. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Habscht iwwerdroen
Den 18. September gëtt d’Sonndesmass vun Habscht iwwerdroen. D’chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht séngt d’Mass, Organist a Virsänger ass den Abbé Joël Santer, Kantor ass den Änder Wio. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Mass zu Habscht
Am Ufanksvers vun dësem Sonndeg biede mer: „Das Heil des Volkes bin ich – so spricht der Herr. Ich will ihr Herr sein für alle Zeit.“ Wou siche mir eist Heel oder wou hu mir et an der vergaangener Woch gesicht? An der Liesung vum Apostel Paulus fuerdert hien den Timotheus an och eis op ze bieden, am Numm vun de Mënsche Gott Merci ze soen an hien och ëm sou villes ze froen. Gott wëllt, dass et eis gutt geet. Duerfir wëlle mer zesummen dës Sonndesmass feieren an ee fir deen anere bieden.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Improvisatioun iwwer d’Agangslidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Si le père vous appelle | LD 107 |
Kyrie | Jésus, berger de toute humanité | LD 132 |
Gloria | Au plus haut du ciel | LD 142 |
Alleluja | Alléluia | LD 192 |
Credo | gëtt gebiet | |
Offertoire | Les mains ouvertes | LD 228 |
Sanctus | Saint est le Seigneur | LD 255 |
Agnus Dei | Agneau de Dieu | LD 279 |
Kommioun | Uergelimprovisatioun | |
Schlusslidd | Wunderschön prächtige | ale Magn. 693 |
Sortie | Präludium | Justin Heinrich Knecht |