lb fr pt en
Sonndesmass  
19. Oktober 2023

D’Mass um 29. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Steeën iwwerdroen

De 22. Oktober gouf d’Sonndesmass vu Steeën iwwerdroen. D’Steeëner Sängerfrënn mam Dirigent Lucien Steffen gesongen, begleet op der Uergel vum Marie-Josée Wirtgen. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Steeëner Sängerfrënn

D’Steeëner Sängerfrënn goufen 1978 gegrënnt.
Et ass ee Chouer, deen souwuel reliéis wéi och net reliéis Optrëtter huet (Concerts, Altersheimer, Konstfestival…).
Niewent deem musikaleschen ass och dee gesellegen Deel wichteg an dee sozialen Zesummenhalt net ewech ze denken.
D’Massen 1 mol de Mount zu Steeë gi mam Luss Steffen geprouft a vun onser Organistin Marie-Josée Wirtgen musikalesch begleed.
Zënter 2013 sangen d’Steeëner Sängerfrënn och zesumme mat de Chéier aus der Äerenzdallgemeng, ënnert der Leedung vum Claude Baumann.

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Sonata in F Julije Bajamonti
Agangslidd Christ aujourd’hui Michel Wackenheim
Kyrie Kyrie eleison Sabine Rödiger
Gloria Von Ewigkeit zu Ewigkeit Gemeinschaft Emmanuel
Alleluia Singt Halleluja unserm Herrn
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Le pain dans nos mains Noël Colombier
Sanctus Heilig, heilig, heilig Kurt Grahl
Wandlung O Christe Domine Jesu Taizé
Agnus Dei Shalom, shalom Hebräische Melodie
Kommiounslidd Jesus Christ bread of life Taizé
Schlusslidd Geh unter der Gnade Manfred Siebald
Uergel: Sortie Jesus Christ, you are my life Massimo Berzola

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu