lb fr pt en
Sonndesmass  
20. Oktober 2022

D’Mass um 30. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Bettenduerf iwwerdroen

Den 23. Oktober gëtt d’Sonndesmass vu Bettenduerf iwwerdroen. Et séngt d’Chorale Bettenduerf/Reisduerf. Dirigent ass de Fernand Scheller, Organistin ass d’Tamara Rosselet. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorallen vu Bettenduerf a Reisduerf

Foto: Roland Rothe

Et sinn zwou Chorallen, déi dëst Joer ënnert der Leedung vun hirem Dirigent Fernand Scheller d’Tëleesmass sangen. Si ginn begleet vun der Organistin Tamara Rosselet. Di Bettenduerfer Chorale gouf am Joer 1899 gegrënnt an di Reisduerfer Chorale Sainte-Cécile gouf am Joer 1945 als Männerchouer gegrënnt an 1972 als gemëschte Chouer ëmgestallt. Zënter dem Joer 1998 gëtt zesummen mat der Chorale vu Reisduerf geprouft.
Di béid Chorallen zesummen zielen 17 aktiv Sängerinnen a Sänger.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Praeludium in a Bwv J. S. Bach
Agangslidd Freuet euch allezeit K. Heizmann
Kyrie Deutsche Kanon-Messe L. Maierhofer
Gloria Deutsche Kanon-Messe L. Maierhofer
Tëschegesang Alleluia – Danket dem Herrn J.P. Schmit
Alleluja Alleluia – Danket dem Herrn J.P. Schmit
Offertoire Zu dir, léif Himmelsmamm C. Rodenbour
Sanctus Deutsche Kanon-Messe L. Maierhofer
Agnus Dei Deutsche Kanon-Messe L. Maierhofer
Kommioun Pain des merveilles M. Wackenheim
Schlusslidd Rosenkranzkönigin M. Haller
Sortie Capriccio sopra la Bassa Flamenga G. Frescobaldi

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu