lb | fr | pt | en |
D’Mass um 33. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Colmer-Bierg iwwerdroen
De 19. November gouf d’Sonndesmass vu Colmer-Bierg iwwerdroen. D’Chorale Ste-Cécile Colmer-Bierg huet mam Dirigent Henri Bissen gesong, begleet op der Uergel vum Aly Schartz. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Ste-Cécile Colmer-Bierg
De Colmer-Bierger Gesangveräin ass säit den 70. Joëren ee gemëschte Chouer a steet säit 2012 ënnert der Direktioun vum Henri Bissen. Niewt der Haaptaktivitéit, déi reliéis Feieren ze verschéineren, gëllt et och dee gesellegen Deel am Veräïn net ze vernoléissegen.
Wann och d’Zuel vun den aktiven Memberen ofgeholl huet, esou ass et dach nach méiglech 4stëmmeg Massen ze sangen. Den Te Deum op Nationalfeierdag gëtt säit etlechen Joeren zesummen mat dem weltleche Chouer “d’Feierowendsänger” musikalesch verschéinert.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Toccata in e | Johann Pachelbel |
---|---|---|
Agangslidd | Ich will etwas vom Leben haben | Margret Birkenfeld |
Kyrie | Brevis Missa Gallicana | Jean-Pierre Schmit |
Gloria | Gloria | T: Jean Gengler |
Tëschegesank | Alléluia, lumière des nations | Claude Bernard / Jacques Berthier |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Gabenbereitung | Siegfried Singer |
Sanctus | Brevis Missa Gallicana | Jean-Pierre Schmit |
Anamnes | L’amour a vécu | Philippe Goeseels |
Agnus Dei | Friedenslied | Maik Brandenburg / Peter Schindler |
Kommiounslidd | Living for Jesus | Thomas Obediah Chisholm / Carl Harold Lowden |
Schlusslidd | Sainte Cécile | Marie-Jeanne Bingen / Marie-Pierre Schambourg |
Uergel: Sortie | Fuge in F BMV 556 | Johann Sebastian Bach |