lb fr pt en
Sonndesmass  
17. November 2022

D’Mass um leschte Sonndeg am Joreskrees gouf vu Bartreng iwwerdroen

Den 20. November gouf d’Sonndesmass vu Bartreng iwwerdroen. Et huet d’Chorale Sainte-Cécile Barteng gesong, Dirigentin war d’Oksana Schroeter, Organist de Marc Loewen. Op der Flütt huet d’Laurie Krier gespillt. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Ste Cécile Bartreng

De Bartrenger Cäcilienveräin ass am Joer 1903 als Männerchouer gegrënnt ginn; zanter 1965 si mir ee gemëschte Chouer. Mir zielen haut 23 aktiv Sängerinnen an Sänger aus 8 verschiddenen Nationalitéiten.

D’Léedung vum Chouer läit zanter Januar 2010 an den Hänn vun der Madame Oksana Schroeter.

Eis Chorale séngt d’Samschdesowesmass an d’Sonndesmass op engem Weekend am Mount an op deenen Haaptfestdeeg am Joer.

Mir freeën eis ganz besonnesch fir d’Tëleesmass op Cäciliendag mat alle Sänger a Musikanten aus dem ganzen Land zesumme kënnen ze feieren.

Nei Sänger(innen) sinn an eiser Chorale ëmmer häerzlech wëllkomm .

Informatiounen an Kontakt op: http://chorale-bertrange-lu.e-monsite.com/

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Suite du Premier Ton, Plein Jeu Jehan Adam Guilain
Agangslidd O Christ Roi de l‘univers Jean-Marc Morin
Kyrie Missa a tre Johann Wenzel Kalliwoda
Gloria Missa a tre Johann Wenzel Kalliwoda
Alleluia Alleluia
Gowelidd (Uergel) Gammal fäbodpsalm fran dalarna Oskar Lindberg
Sanctus Missa a tre Johann Wenzel Kalliwoda
Anamnes Il est vivant Noël Colombier
Agnus Dei Missa a tre Johann Wenzel Kalliwoda
Kommioun À l’image de ton amour Jean-Paul Lécot / Sebastien Temple
Schlusslidd Jubilate Deo Jean-Paul Lécot
Sortie Les cloches de Hinckley Louis Vierne

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu