lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 19. Dezember gouf vun Habscht iwwerdroen
D’Sonndesmass vum 4. Adventssonndeg gouf vun Habscht iwwerdroen. Et séngt déi chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht. Virsänger an op der Uergel Abbé Joël Santer. Kantor Änder Wio. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Mass op dem 4. Advent
Dëse 4. Adventssonndeg feiere mer d’Mass erëm eng Kéier aus der Nikloskierch vun Habscht. Am Evangelium héiere mer, wéi den Engel Gabriel bei d’Maria kënnt an hier eng aussergewéinlech Noriicht iwwerbréngt: si wäert Mamm ginn vum „Immanuel“, dem „Gott mat äis“. Mir ginn onmëttelbar mat der Wierklechkeet konfrontéiert, déi mer op Chrëschtdag feieren. Notze mer dëse Gottesdéngscht, fir eist Häerz fräi ze maachen, a fir äis vu Gott esou beréieren ze loossen, dass mer – trotz Pandemie – äis gedroe wëssen, vun der Léift vu Gott. An duerfir invitéiere mir Iech och vun doheem aus, mat äis ze sangen, ze bieden an ze feieren.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Improvisatioun iwwer d’Ufankslidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Tauet Himmel den Gerechten | Magn. 813 |
Kyrie | Kyrie XVII | Magn. 415 |
Alleluja | Halleluja | Magn. 531-1 |
Credo | gebiet | |
Gowelidd | Memories | Daniel Hellbach / Organistin, Katarína Strajtova |
Sanctus | Sanctus XVII | Magn. 416 |
Agnus Dei | Agnus Dei XVII | Magn. 417 |
Kommiounslidd | Nun komm der Heiden Heiland | Johann Sebastian Bach |
Schlusslidd | Ave Maria, gratia plena | Magn. 876 |
Sortie | Vom Himmel hoch da komm ich her | Johann Sebastian Bach |