lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 24. Oktober gouf vu Stengefort iwwerdroen
D’Sonndesmass vum 24. Oktober gouf aus der Kierch vu Stengefort iwwerdroen. D’Choralen Ste-Cécile Stengefort an Hoen-Klengbetten sangen ënnert der Direktioun vum Josée-Anne Mangen a Camille Houllard. Op der Uergel spillt de Pierre Hack. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Choralen Ste-Cécile Stengefort an Hoen-Klengbetten
Zënter November 2010 prouwen a sangen déi 2 Kierchechéier zesummen, ouni awer hir Eegestännegkeet als Veräin opzeginn. Haaptaufgab vun hinnen ass d‘Kultivéierung vun der Kierchemusék, haaptsächlech d‘Verschéinerung vun de Gottesdingschter, eng Aufgab, déi si och während der Coronazäit ganz eescht geholl hunn an all Sonndeg um Dill waren. Éischter niewebäi ginn och weltlech Lidder gesong fir d‘Gesellegkeet ze förderen.
Si hunn 21 Membren (9 Hären an 12 Dammen) a prouwen all Méindeg um 19.30 Auer am Sall oder an der Kierch. All Leit, déi drun interesséiert sinn, sinn häerzlech wëllkomm bei eis.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Fugue en fa majeur | Pachelbel |
---|---|---|
Agangslidd | Peuples de la terre | Paul Décha |
Kyrie | Jésus berger | D.Rimaud/J.Berthier |
Gloria | Petite Messe pour Pâques | abbé Bourguignon |
Alleluja | Halleluja | L. Cohen/Text:C.Houllard |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Ave Maria | Mathieu Lamberty |
Sanctus | Heilig | Willy Trapp |
Anamnes | Dans le silence | Stéphanie Kager |
Agnus Dei | Vienne la colombe | Jean-Claude Gianadda |
Kommiounslidd | Béni sois-tu, Seigneur Jésus | Paul Décha |
Kommioun / Uergel | Von Gott will ich nicht lassen | Dietrich Buxtehude |
Schlusslidd | Gross ist der Herr | Phil. Emanuel Bach |
Sortie | Praeambulum in F | Vincent Lübeck |