lb fr pt en
Sonndesmass  
5. Januar 2023

D’Mass vum 8. Januar gouf aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen

Den 8. Januar, um Festdag ’Erscheinung des Herrn’ (Epiphanie), gouf d’Sonndesmass aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen. Et huet den Ensemble Vocal Cantus Gaudium gesong, Dirigentin war d’Nancy Back-Kelsen, Organist de Fränz Theis. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

Den Ensemble Vocal Cantus Gaudium

Den Ensemble Vocal Cantus Gaudium, wéi den Numm et scho seet, soll d’Freed um Sange fërderen. Déi meescht Hären, déi bal alleguer an engem gemëschte Chouer sangen, hunn et flott fonnt am renge Männergesank hiren Horizont ze erweideren.

Am Dezember 2022 huet den Ensemble Vocal Cantus Gaudium, mat sengen 20 aktive Memberen, e flotten Advents-Concert, zu Uespelt an zu Diddeleng an der Kierch gesongen.

Den nächste grousse Rendez-vous ass den 23. Abrëll am Sall vum Centre Saint-Martin zu Diddeleng, wou mer e flotte Concert, zesumme mat der Gesangsklass vun der Diddelenger Musekschoul presentéieren. Fir méi Detailer kënnt dir Iech gäre mellen. D’Direktioun vum Chouer huet déi ganz engagéiert Madamm Nancy Back-Kelsen, déi hei zu Lëtzebuerg am Chouerwiese keng Onbekannten ass.

cantus-gaudium@pt.lu

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée Noël étranger Louis-Claude d‘Aquin
Agangslidd Aus dem Himmelssall Goergen/Goldschmit
Kyrie Messe brève no5 Charles Gounod
Gloria Les anges dans nos campagnes Traditional
Tëschegesank Es kam ein Engel Lied aus Ungarn
Alleluia Alleluia Wolfgang Amadeus Mozart
Gowelidd Come, o thou King of Kings Traditional
Sanctus Messe brève no5 Charles Gounod
Agnus Dei Messe brève no5 Charles Gounod
Kommioun Panis Angelicus César Franck
Schlusslidd Ein Stern ging auf im Osten
Sortie Spanische Toccatina sortie brève no5 Jos Kinzé

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu