lb | fr | pt | en |
D’Sondesmass um 2. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Péiteng iwwerdroen
De 14. Januar gouf d’Houmass vu Péiteng iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Péiteng huet mat der Dirigentin Isabelle Heischbourg gesong, begleet op der Uergel vum Philippe Dehoux. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Ste Cécile Péiteng
Zënter 1916 gëtt um Duxall vun der Péitenger Parkierch gesongen. All Sonndeg, all Feierdag ginn d’Gottesdéngschter mat engem un d’Liturgie ugepasste Programm gesanglech ënnerstrach.
D’Dirigentin, d’Madame Isabelle Heischbourg an den Organiste, den Här Philippe Dehoux suerge fir Spaass a Freed um Sangen. Mir géifen eis awer iwwer Verstärkung an eise Reie freeën. Sangen ass gesond, stärkt d’Häerz an de Kreeslaf, hëlleft Stress ofbauen an hält fit.
Dat alles gëtt et gratis zu Péiteng an der Kierch. Mëttwochs an der Prouf vun 20.00-21.30 Auer a sonndes ëm 9.15 an der Mass. (mj.ms.)
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Choralvorspiel Lobe den Herren, den mächtigen König der Ehren | O. Dienel |
---|---|---|
Agangslidd | Ich will den Namen Gottes loben | J.S. Bach |
Kyrie | Messe Op 82 | A. Durand |
Gloria | Messe Op 82 | A. Durand |
Tëschegesank | Lehre uns, Herr, deinen Willen zu tun | Mag 170/1 |
Alleluia | Alleluia festif | E. Lebrun |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Ave Maria | W.A. Mozart |
Sanctus | Messe Op 82 | A. Durand |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Messe Op 82 | A. Durand |
Kommiounslidd | O salutaris hostia | A. Durand |
Schlusslidd | Gloire et Louange à toi | C. Saint-Saëns |
Uergel: Sortie | Toccata de la suite gothique | L. Boëllmann |