lb fr pt en
Sonndesmass  
18. Januar 2024

D’Sondesmass um 3. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Réimech iwwerdroen

Den 21. Januar gouf d’Houmass vu Réimech iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile vu Réimech huet mam Dirigent Roby Pauly gesong, begleet op der Uergel vum Patrick Wilwert. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apart TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Sainte-Cécile vu Réimech

D’Chorale Sainte-Cécile vu Réimech gouf am Joer 1848 gegrënnt. Si sangen all Sonndeg an all Feierdag d’Houmass, donieft Hochzäits- a Begriefnesmassen. Si prouwen donneschdes owes an der Kiirch, a si giffen sech iwwert all neie Member freeën, fir datt si och am nächste Joer d’Masse feierlech gestalte kënnen.

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Vom Himmel hoch da komm ich her BWV 606 Johann Sebastian Bach
Agangslidd Laudate Dominum Christopher Tambling
Kyrie Missa brevis in D Robert Jones
Gloria Missa brevis in D Robert Jones
Tëschegesank Herr, führe mich Max Reger
Alleluia Alléluia malgache Luc Guilloré
Credo gëtt gebiet
Gowelidd O Dieu reçois Jean Bonfils
Sanctus Missa brevis in D Robert Jones
Anamnes Venu en notre chair Odette Vercruysse
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Missa brevis in D Robert Jones
Kommiounslidd Panis angelicus Louis Lambillotte
Schlusslidd Die Gott lieben Strauch/Schultz
Uergel: Sortie Praeludium in C BuxWV 138 Dietrich Buxtehude

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu