lb fr pt en
Sonndesmass  
28. Dezember 2023

D’Sondesmass um Sonndeg vun der Hl. Famill gouf vu Steebrécken iwwerdroen

Den 31. Dezember gouf d’Houmass vu Steebrécken iwwerdroen. D’Chorale vu Steebrécke-Biergem huet mat der Dirigentin Claudette Zeimes-Wagener gesong, begleet op der Uergel vum Josée Faltz-Wilmes. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale vu Steebrécken-Biergem

D’Chorale vu Steebrécken-Biergem besteet säit 1954. Deemools als Männerchouer gegrënnt ass et haut e gemëschten Ensemble. De Chouer sengt Massen, Läichendéngschter, Hochzäiten a geleeëntlech mol e Concert. Well mir e puer Solisten an eise Reihen hun, kënne mir en ofwiesslungsräiche Repertoire ubidden. D’Sänger/innen stin zanter 35 Joer ënner der Leedung vun der Mme Claudette Zeimes. Presidentin ass d’Madame Marianne Kirpach.

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Air béarnais en la maj. César Franck
Agangslidd Adeste fideles arr. Laurent Menager
Kyrie Petite messe de la Sainte Vierge Abbé Bourguignon
Gloria Petite messe de la Sainte Vierge Abbé Bourguignon
Tëschegesank Lobe den Herrn, meine Seele LD 70
Alleluia Alleluia Philippe Robert
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Nuit de lumière Jacques Berthier
Sanctus Petite messe de la Sainte Vierge Abbé Bourguignon
Anamnes Dans le silence Stéphanie Kager
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Petite messe de la Sainte Vierge Abbé Bourguignon
Kommiounslidd Notre Dieu s’est fait homme M. Dannaud
Schlusslidd Oh du fröhliche trad. aus Sizilien
Uergel: Sortie Toccata J.G.C. Störl

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu