lb fr pt en
Sonndesmass  
5. Januar 2021

D’Sonndesmass gouf vu Biekerech iwwerdroen (27.12.2020)

Dëse Sonndeg live um 9 Auer a Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, de 27. Dezember, um 9 Auer aus der Kierch vu Biekerech iwwerdroen. D’Chorales réunies “Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul“ hunn ënnert der Leedung vum Henri Bissen gesong, op der Uergel huet de Pol Wio begleet.

D’Chorales réunies “Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul“

Zwanzeg Joer scho schaffen déi dräi Choralle Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul zesummen an hu fir de Moment esou op eng elegant Manéier hire Problem vum Nowues geléist. Wann d‘Aufgab vun dëse vereenegte Chéier doranner besteet, Massen an aner reliéis Feiere musikalesch z’encadréieren, esou stinn och weltlech Optrëtter vun Zäit zu Zäit um Programm. Mat ueschtzéng Membere wäert dës gutt opgestallte Formatioun ënner der Leedung vum Här Henri Bissen och iwwer d’Joer 2020 eraus besuergt bleiwen, dee richtegen Toun ze fannen an e gutt Klangbild ofzeginn.
Trotz Coronavirus ginn d’Sängerinnen an d’Sänger net op, mee probéieren erëm zu enger neier Normalitéit zeréckzefannen. Leider wëllen oder kënne verschidde Leit wéinst Ustiechungsgefor net un dëser Mass deelhuelen.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Improvisatioun iwwer ‘Dir Kanner, o kommt dach‘
Agangslidd Dir Kanner, o kommt dach J. A. Peter Schulz
Kyrie Weihnachtsmesse Arr.: M. Krippes - A. Müller
Gloria An der grousser hellger Nuecht Mathieu Lamberty
Psalm
Alleluja Den Erléiser ass gebueren Jean-Pierre Schmit
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Zur Helleger Famill Jhang Thill
Sanctus Heilig, heilig, dreimal heilig Christ. Bernh. Verspoel
Amnamnèse Venite, adoremus Dominum John Reading
Vater unser gëtt gebiet Agnus Dei Aus dem Himmelssall Victor Goldschmit
Kommiounslidd C’est Noël tous les jours O. Vercruysse; J.-M. Belliard
Schlusslidd O du fröhliche Melodie aus Sizilien
Sortie: Uergel Marche solennelle Felix Mendelssohn

Chouer: Chorales réunies “Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul“
Dirigent: Henri Bissen
Organist: Pol Wio

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu