lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Beetebuerg iwwerdroen
Elo am Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gëtt e Sonndeg, den 22. Juli, um 9 Auer aus der Kierch vu Beetebuerg iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Bettembourg séngt ënnert der Leedung vum Fabrice Renard, op der Uergel begleet de Romain Ludwig.
Chorale Ste Cécile Bettembourg
De Beetebuerger Kierchechouer besteet offiziell säit 1889. Dësen Datum gëllt och fir d’Aweiung vun der Dekanatskierch.
Wéi mir et aus der Traditioun kennen, war d’Chorale Ste Cécile fir d’éischt e Männerchouer a säit 1996 sinn och Dammen opgeholl ginn. De Chouer ass am Laf vun der Zäit méi kleng ginn, seng Aufgaben awer net. Am Moment besteet en aus 23 Leit, 17 Dammen a 6 Hären.
Den Dirigent ass de Fabrice Renard. Wann hien net kann do sinn, gëtt hie vum Myriam Schartz ersaat. Den Organist ass de Romain Ludwig.
Mir sangen d’Sonndesmassen, Requiemen a wa mer gefrot ginn, och Hochzäiten.
Eise Proufdag ass donneschdes vun 19.30 bis 21.00 Auer. Mir prouwen um Ducksall vun der Kierch. Wa Leit interesséiert sinn, fir bei eis matzesangen, kennen si sech um Tel. 621-759838 vun der Chorale mellen oder einfach an eis Prouf kommen. Mir freeën eis iwwer all Verstärkung.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Introduktioun iwwer d’Agangslidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Jubilate Deo | M.: Hermann Angstenberger, T.: Psalm 100 |
Kyrie | Missa Nonna | M.: Franz Arnfelser |
Gloria | Missa Nonna | M.: Franz Arnfelser |
Alleluja | Alléluia | LD 210 |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Je suis venu pour la vie | T. et M.: Soeur S. Toolan, Adaptation fr.: P. Arnauld |
Sanctus | Missa Nonna | M.: Franz Arnfelser |
Anamnèse | Gloire à toi | LD 263 |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Missa Nonna | M.: Franz Arnfelser |
Kommuniounslidd | A l’image de ton amour | M.: S. Temple, T. et H.: J.P. Lecot |
Schlusslidd | In Gottes Hand | M.: W.A. Mozart, T.: Gerhard Rabe |
Sortie: Uergel | Improvisatioun iwwer ‚Ecce Deus adjuvat me’ |
Chouer: Chorale Ste Cécile Bettembourg
Dirigent: Fabrice Renard
Organist: Romain Ludwig