lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Beetebuerg iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 21. Juli, um 9 Auer aus der Kierch vu Beetebuerg iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Bettembourg huet ënnert der Leedung vum Fabrice Renard gesongen, op der Uergel huet de Romain Ludwig begleet.
De Beetebuerger Kierchechouer
Zënter enger Rei vu Joren séngt de Beetebuerger Kierchechouer, dee säit 1889 besteet, d’Radiosmass op Kiermessonndeg.
Wéi souvill Kierchechéier am Land waren och déi Beetebuerger fir d’eischt e Männer- a Bouwechouer. De gemëschte Chouer besteet vun 1966 un a setzt sech de Moment aus 21 Leit zesummen, 15 Dammen a 6 Hären. Obschonn de Chouer am Laf vun der Zäit méi kleng ginn ass, iwwerhëlt en awer nach vill Aufgaben an der Por: Sonndesmassen a kierchlech Feieren, op Ufro och Requiemen an Hochzäiten.
Den Dirigent ass de Fabrice Renard. Wann hie net kann do sinn, gëtt en ersat vum Myriam Schartz. Den Organist op der Beetebuerger Uergel ass de Romain Ludwig.
Wa Leit sech fir eise Chouer interesséieren, kënnen se op eiser Telefonsnummer
621-759838 weider Renseignementer kréien.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Introduktioun iwwer d’Agangslidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Ein Haus voll Glorie schauet | LD 90 |
Kyrie | O Seigneur, écoute-nous | LD 124 |
Gloria | Jubilez, criez de joie | T. et M.: Fr. Jean-Baptise du Jonchay |
Alleluja | Missa africana - Halleluja de Sambia | Arr.: Michael Schmoll |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Nous vous offrons o notre Père | Auteur: P. Chaibet |
Sanctus | Sanctus | Anonyme |
Anamnèse | Il est vivant | LD 269 |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Dona nobis pacem | M.: Sonja Poorman |
Kommuniounslidd | Seigneur mon âme s’émerveille | M.: C.C. Scholefield, T.: Diocèse de Lucon |
Schlusslidd | Möge die Straße uns zusammenführen | LD 323 |
Sortie: Uergel | Improvisatioun iwwer ‚Ecce Deus adjuvat me’ |
Chouer: Chorale Ste Cécile Bettembourg
Dirigent: Fabrice Renard
Organist: Romain Ludwig