lb fr pt en
Sonndesmass  
10. Dezember 2019

D’Sonndesmass gouf vu Betzder iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf um 3. Advent, de 15. Dezember, um 9 Auer aus der Kierch vu Betzder iwwerdroen. D’Chorale Ste-Cécile Ruedt/Syr huet ënnert der Leedung vum Jos Stutz gesongen, op der Uergel huet de Pascal Zeihen begleet.

Chorale Ste-Cécile Ruedt/Syr

D’Chorale Ste-Cécile Ruedt/Syr ass 1948 als Männergesank gegrënnt ginn a besteet nach bis haut, an hoffentlech nach laang, als ee vun deene wéinege Männerchéier hei am Land. Déi 20 Sänger, alleguer gestanen Hären, kommen aus ville Géigenden aus dem Land zu Ruedt zesummen a sange mat groussem Asaz ënnert der kompetenter Direktioun vum Här Jos Stutz, deen et ëmmer erëm fäerdeg bréngt, seng Sänger fir Musek a Gesangk ze begeeschteren.

Mir sinn un éischter Plaz e Kierchechouer, pflegen awer niewent dem sakrale Gesank, mat deem mer d’Liturgie an der Kierch begleeden, och di weltlech Lidder, déi mer bei eise Concerten zu Gehéier bréngen. Och am Duerf an an eiser Gemeng Betzder si mer um Dill, wa mer gebraucht ginn.

Grousse Wäert gëtt op Gesellegkeet a Frëndschaft geluecht. Dat ass de Kitt, deen iis zesummenhält a vill schéi Stonne matenee verbrénge léisst.

Natierlech wiere mer frou, fir nach di eng oder aner gutt Stëmm an eise Reien opzehuelen. D’Gesangprouwen sinn donneschdes owes an eisem Proufsall zu Ruedt. Umelle kann ee sech beim Sekretär, wou een och di néideg Renseignementer kritt: Roby Kimmel, Tel. 621167947, E-mail: rkimmel@pt.lu

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Tochter Zion, freue dich Georg Friedrich Händel
Agangslidd Aube nouvelle M: Jo Akepsimas, T: M. Scouarnec, Arr: Jos Stutz
Kyrie XVII. Choralmass fir den Advent
Zwëschegesank O Heiland, reiss die Himmel auf Rheinfelsisches Gesangbuch 1666, Satz: Jos Stutz
Alleluja Alléluia, mélodie irlandaise O’Carroll
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Maria durch ein Dornwald ging Text und Melodie: volkstümlich um 1600,
Satz: Friedrich Doppelbauer
Sanctus XVII. Choralmass fir den Advent
Anamnèse Jesus Christus, operstane vum Doud Noël Colombier, Léon Kirsch
Vater unser Father in Heaven Anonymus (1870), arranged by Charles G. Ames
Agnus Dei XVII. Choralmass fir den Advent
Kommuniounslidd Tebje paiom Dimitri Bortniansky, Chorsatz: Hans-Joachim Rolf
Schlusslidd Venez divin Messie P. Roguet, P. Barjon
Sortie: Uergel Variatiounen aus “O Tannenbaum” anonym

Chouer: Chorale Ste-Cécile Ruedt/Syr
Dirigent: Jos Stutz
Organist: Pascal Zeihen

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu