lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Gilsdrëf iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 22. September, um 9 Auer aus der Kierch vu Gilsdrëf iwwerdroen. D’Chorale Sainte Cécile Gilsdorf huet ënnert der Leedung vum Jorge Alves gesongen, op der Uergel huet de Paul Hoffmann begleet.
Chorale Sainte Cécile Gilsdorf
D’Chorale Sainte Cécile Gilsdorf ass e 4-stëmmege Chouer, dee sech aus 32 Sängerinnen a Sänger (12 Sopran, 8 Alt, 6 Tenor a 6 Bass), eisem Organist Paul Hoffmann an eisem Dirigent Jorge Alves zesummesetzt. Zanter méi wéi 35 Joer séngt de Chouer reegelméisseg all Sonndeg um 10.30 Auer d’Mass an der Kierch zu Gilsdref, souwéi an der Woch, wann eng Begriefnismass usteet. All Joer versicht de Chouer och eng Mass „auswäerts“ sangen ze goen a sou en Austausch mat enger anerer Chorale z’erméiglechen. Wann nach Sänger/innen sech eis wëllen uschléissen, freides owes um 8 Auer ass Prouf.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Wer nur den lieben Gott lässt walten | Georg Böhm |
---|---|---|
Agangslidd | Jour du Seigneur | Magnificat 999 |
Kyrie | Kyrie - Missa St. Caroli Borromaei | Max Filke |
Gloria | Gloire à Dieu | Magnificat 1126 |
Alleluja | Alleluia, Louange et Gloire | Roux / Bernard |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Come forth and glorify his name | Berta & Sonja Poorman |
Sanctus | Sanctus - Missa St. Caroli Borromaei | Max Filke |
Anamnèse | Lobe den Herrn meine Seele | Felix Mendelssohn |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Agnus Dei - Missa St. Caroli Borromaei | Max Filke |
Kommunioun | Fantaisie en Ut | César Franck |
Kommuniounslidd | Le Seigneur a fait merveille | Jean-Philippe Rameau |
Schlusslidd | Ech hu mäi Leed bei dech gedron | Magnificat 893 |
Sortie: Uergel | Toccata in Seven | John Rutter |
Chouer: Chorale Sainte Cécile Gilsdorf
Dirigent: Jorge Alves
Organist: Paul Hoffmann
- D’Mass vum 2. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Diddeleng iwwerdroen
- D’Mass vum 29. Januar gouf vun Diddeleng iwwerdroen
- D’Mass um 27. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Furen iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf op Léiffrawëschdag vun der Giischterklaus iwwerdroen
- D’Mass um 26. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Furen iwwerdroen