lb fr pt en
Sonndesmass  
19. September 2017

D’Sonndesmass gouf vu Jonglënster iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf de 24. September um 9 Auer aus der Kierch vu Jonglënster iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Junglinster huet ënnert der Leedung vum Luc Nilles gesongen, op der Uergel huet de Laurent Felten begleet.

Chorale Sainte-Cécile Junglinster

2019 feiert d’Lënster Chorale hieren 100. Anniversaire. Aktuell stinn 32 aktiv Sängerinnen a Sänger ënnert der Direktioun vum Luc Nilles. Eis Vocatioun ass et all Houmass an kierchlech Feieren zu Lënster oder och auswärts gesanglech ze verschéineren. Sonndes den 22. Oktober 2017 sange mir de Requiem vum Gabriel Fauré an Extraiten aus der Mass for Peace vum Karl Jenkins zu Lënster an der Kierch mat Orchester a Solisten. Wann Dir Freed a Loscht hutt an eiser Chorale ze sangen oder einfach nëmme gäeren eise Concert wëllt matsangen, da kontaktéiert eis: Ferny Wagener (Tel. 787096) oder Denise Weis (Tel. 780583). D’Prouwe sinn donneschdes vun 20 bis 22 Auer am Parsall zu Jonglënster (Centre Culturel, 8 rue du Village).

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Plein-Jeu improvisé
Agangslidd Les mains ouvertes Magnificat 1058
Kyrie Missa in honorem Sanctae Annae Charles Haenni
Gloria Gloire à Dieu dans le ciel Jacques Berthier, Texte: Didier Rimaud
Antwortpsalm Der Herr ist nahe allen, die ihn rufen Magnificat 698,1
Alleluja Alléluia irlandais J.P. Lecot, C. Carroll
No der Priedegt: Uergel Chant de la Creuse César Franck
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Lead me Lord Samuel Sebastian Wesley
Sanctus Missa in honorem Sanctae Annae Charles Haenni
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Missa in honorem Sanctae Annae Charles Haenni
Während der Kommunioun Ich rufe zu dir Herr Jesu Christ (BWV 639) Johann Sebastian Bach
Kommuniounslidd Here I am, Lord Daniel L. Schutte
Schlusslidd Danke Magnificat 1113
Sortie: Uergel Toccata en si mineur Eugène Gigout

Chouer: Chorale Sainte-Cécile Junglinster
Dirigent: Luc Nilles
Kantor: Olivier Nilles
Organist: Laurent Felten

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu