lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Lëllgen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf den 1. Oktober um 9 Auer aus der Kierch vu Lëllgen iwwerdroen. D’Choralë Béigen-Lëlljen-Stackem an Houfelt-Hellzen-Weiler hunn ënnert der Leedung vun Tony Schaack a Basty Differding gesongen, op der Uergel huet de Luc Reff begleet.
D’Kirich vo Lëlljen gouf 1717 gebaut an den Haptagank wor am Turrem. Mëtt März 1918 ass sie komplett verbrant a gouf 1923 nei konsekréiert mat der Entree wie se aktuell ass. Am Joër 1982 gouf de Banneraum ganz restauréiert a mat engem liichten saumon Toun versinn.
D’Chorale Béigen-Lëlljen-Stackem gouf am Joër 1979 gegrënnt a schafft deelweis zesame mat der Chorale Houfelt-Hellzen-Weiler,well mer allebéid zënter Joorzingten den Tony Schaack als Dirigent hann. Mer all haten bis elo e ganz mouvementéiert Joër. Esou ass z.B. dës Foto bei engem Gaastoptrëtt zu Rued-Syr entstannen. Merci alle Sängerinnen a Sänger fir hirt grousst Engagement.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Improvisation in C-Dur | |
---|---|---|
Agangslidd | Rosenkranzkönigin | LD 517 |
Kyrie | Seigneur, toi notre père | LD 133 |
Gloria | Gloire à Dieu, paix aux hommes | |
Zwëschegesank & Alleluja | Jesus Christ, you are my life | Marco Frisina |
Credo | Je crois Seigneur | LD 214 |
Gowelidd | Gib mir die richtigen Worte | Manfred Siebald |
Sanctus | Saint est le Seigneur | Jacques Berthier |
Anamnèse | Jesus Christus | Noël Colombier |
Vater unser | Notre Père | Rimsky-Korsakov |
Agnus Dei | Acclamation | Jean Martin |
Kommunioun: Uergel | Meine Zeit | Peter Strauch |
Schlusslidd | Geh in Gottes Frieden | T: Ruthild Wilson, M: Heinz H. Jost-Haujok |
Sortie: Uergel | Praeludium C-Moll | J.S. Bach |
Chéier: Beigen, Loellgen, Stackem an Helzen, Houffelt, Weiler
Dirigenten: Tony Schaack a Basty Differding
Organist: Luc Reff