lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Waldbëlleg iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf um fënnefte Faaschtesonndeg, de 7. Abrëll, um 9 Auer aus der Kierch vu Waldbëlleg iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Beefort an de Sang Mat Waldbëlleg/Haler hunn ënnert der Leedung vum Claude Schmit gesongen, op der Uergel huet de Roger Recht begleet. Soliste waren: Martine Denutte an Henry Wickens. Blechbléiser: Jane Wickens, Alain Klein, Pol Mehlen, Jang Winandy.
D’Chorale Beefort an de Sang Mat Waldbёlleg/Haler sangen d’Sonndesmass
Viru fënnef Joer hunn de Sang Mat Waldbёlleg/Haler an d’Chorale vu Beefort decidéiert, an Zukunft zesummen ze sangen, ouni awer hir Eegestännegkeet opzeginn. Déi zwee Chéier prouwen a sange regelméisseg d’Sonndesmassen zesummen, eng Zesummenaarbecht déi bis elo ganz gutt geklappt huet. Zu den Aktivitéiten gehéiren och gelegentlech weltlech Optrёtter an dat besonneg an der Adventszäit.
De Chouer zielt momentan 18 Sängerinnen an 8 Sänger. Den Dirigenteposten deelen sech normalerweis de Fons Steines an de Claude Schmit. Fir d’Uergelbegleedung si meeschtens de Jang Schiltz an den Henry Wickens zoustänneg. D’Radiosmass gёtt vu 4 Blechbléiser vun der Waldbёlleger Musek begleet, ausserdem suergt de Roger Recht fir de richtegen Toun op der Uergel an um Dirigentepult steet de Claude Schmit.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Herzlich tut mich verlangen | J.S. Bach |
---|---|---|
Agangslidd | Im Namen des Vaters / Vaterunser-Messe | Lorenz Maierhofer |
Kyrie | Herr, erbarme Dich / Vaterunser-Messe | Lorenz Maierhofer |
Zwëschegesank | C’est toi mon berger | Philippe Goeseels |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Gott, wir bringen vor Dich, was wir haben | M: Winfried Heurich, T: Eugen Eckert |
Sanctus | Heilig / Vaterunser-Messe | Lorenz Maierhofer |
Anamnèse | L’amour a vécu parmi nous | Philippe Goeseels |
Vater unser | Vaterunser-Messe | Lorenz Maierhofer |
Agnus Dei | O du Lamm Gottes / Vaterunser-Messe | Lorenz Maierhofer |
Kommuniounslidd | Il faut marcher de très longues routes | Odette Vercruysse |
Schlusslidd | Danket dem Herrn / Vaterunser-Messe | Lorenz Maierhofer |
Sortie: Uergel | Passacaglia (d-moll) | Dietrich Buxtehude |
Chéier: Sang Mat Waldbёlleg/Haler a Chorale vu Beefort
Dirigent: Claude Schmit
Organist: Roger Recht
Solisten: Martine Denutte an Henry Wickens
Blechbléiser: Jane Wickens, Alain Klein, Pol Mehlen, Jang Winandy