lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vun der Pafemillen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf de 25. Juni um 9 Auer aus dem Klouschter Fünfbrunnen iwwerdroen. D’Sängerfrënn Saassel-Maulusmillen hunn zesumme mat Sänger vun Asselbuer gesongen ënnert der Leedung vum Monique Palzer-Weber, op der Uergel huet de Philippe Keipes begleet.
D’Sängerfrënn Saassel-Maulusmillen
Zanter ville Joeren sangen d’Sängerfrënn Saassel-Maulusmillen um Sonndeg nom Häerz-Jesu-Fest d’Mass am Klouschter Fünfbrunnen. D’Chorale gouf 1962 vum Här Albert Lamborelle a vum Häerz-Jesu-Pater Nic Kayser gegrënnt a besteet haut aus 10 Memberen. Ee vun hinnen, den Här Alphonse Bock, spillt och all Sonndes d’Uergel am Klouschter vun der Pafemillen, wou nach dräi Häerz-Jesu-Pateren no der Regel vun hirem Stëfter, dem P. Léon Dehon, liewen. D’Charakteristik vu senger Spiritualitéit ass eng déif Verbonnenheet mat Christus an eng intensiv Sensibilitéit fir d’sozial a mënschlech Problemer vun eiser Gesellschaft.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Prelude | J.S. Bach |
---|---|---|
Agangslidd | Hoch über allen Herzen | unbekannt, arr. Patrick Colombo |
Kyrie | Messe en l’honneur de Saint Fiacre | Patrick Colombo |
Gloria | Messe en l’honneur de Saint Fiacre | Patrick Colombo |
Zwëschegesank | Magnificat 527/1 | |
Alleluja | Alleluja | |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Jesu Herz, dich preist mein Glaube | Carl Jaspers, arr. Patrick Colombo |
Sanctus | Messe en l’honneur de Saint Fiacre | Patrick Colombo |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Messe en l’honneur de Saint Fiacre | Patrick Colombo |
Kommuniounslidd | Tournez les yeux | Chantal Guerret-Fourneau |
Schlusslidd | Göttlich Herz | arr. Patrick Colombo |
Sortie: Uergel | Preludium et Fugo in F-Dur | F. Simon |
Chouer: Sängerfrënn Saassel-Maulusmillen
Dirigentin: Monique Palzer-Weber
Organist: Philippe Keipes
- D’Sonndesmass gouf vun Diddeleng iwwerdroen
- D’Sondesmass um Sonndeg vun der Hl. Famill gouf vu Steebrécken iwwerdroen
- D’Mass um 15. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Biekerech iwwerdroen
- D’Mass um 19. Sonndeg am Joreskrees gouf de 7. August vun Habscht iwwerdroen
- D’Mass vum 5. Mäerz gouf vu Clierf iwwerdroen