lb fr pt en
Sonndesmass  
3. September 2019

D’Sonndesmass gouf vun Habscht iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 8. September, um 9 Auer aus der Kierch vun Habscht iwwerdroen. Et huet d’Sopranistin Patricia Frères gesongen, begleet op der Uergel vum Abbé Joël Santer.

Dëse Sonndeg gëtt d’Sonndesmass aus der Niklooskierch vun Habscht iwwerdroën, déi zanter der Neireorganisatioun vun eise Paren 2017 zur neier Par „Äischdall-Helpert St-Willibrord“ gehéiert. D’Sopranistin Patricia Frères, op der Oberlinger-Uergel begleet vum Paschtouer Joël Santer, sengt déi bekannte Mass MG 560 (Hier liegt vor deiner Majestät) vum Michael Haydn, bekannt och als „Deutsches Hochamt“. De Johann Michael Haydn huet méi däitsch Massen geschriwwen, déi ausdrécklech „zum Gebrauch für Stadt und Land“ deklaréiert sinn. De Johann Michael Haydn huet, op Wierder vum Münchner Hofkammerrat Franz Seraph von Kohlbrenner a sengem Landshuter Gesangbuch, dës Mass geschriwwen. Den Text ass vum Geescht vun der Opklärung geprägt an huet seng Plaatz am liturgesche Volleksgesang vum däitschsproochege Raum fonnt.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Johann Michael HAYDN: Deutsches Hochamt

Entrée Grand-Orgue Joseph Bonnet
Kyrie Hier liegt vor deiner Majestät
Gloria Gott soll gepriesen werden
Zwëschesesank Aus Gottes Munde gehet das Evangelium
Credo Allmächtiger, vor dir im Staube bekennt dich deine Kreatur
Gowelidd Nimm an, o Herr, die Gaben
Sanctus Singt. Heilig, heilig, heilig
Benediktus Sieh, Vater, von dem höchsten Throne
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Betrachtet ihn in Schmerzen
Kommuniounslidd O Herr, ich bin nicht würdig
Schlusslidd Nun ist das Lamm geschlachtet
Sortie: Uergel Fuga G moll Johann Sebatian Bach

Solistin: Patricia Frères, Sopran
Organist: Abbé Joël Santer

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu