lb fr pt en
Sonndesmass  
31. Oktober 2017

D’Sonndesmass gouf vun Uewerwampech iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf de 5. November um 9 Auer aus der Kierch vun Uewerwampech iwwerdroen. D’Choralë vun Nidderwampich, Uewerwampich a Brotebach hunn ënnert der Leedung vum Francis Hoffmann gesongen, deen och d’Gittar gespillt huet.

D’Chorale Uewerwampich bei der Geleeënheet vun hirem „centenaire“ zesomen mat den Choralen vun Nidderwampich, Brotebach an Alegria vu Woltz (Foto: Patrick Dichter)

Chorale Ste Cécile von Uewerwampich

D’Chorale Ste Cécile von Uewerwampich hot d’lest Joer hiren 100. Jooresdag konnte feieren.

Et ass ee Gedanken weert, datt am Laf von der Zäit schéin an traurig Evenementer an der Kiirich ëmmer vo Gesank begleed gou’fen a gin. Hokt besteet eis Chorale aus 23 Memberen, mat un der Spetzt eisem langjährigen Dirigent a Gittarist Francis Hoffmann.

Fir d’Radios-Mass ho mer äis eng Freed draus gemat, eis Nopesch-Gesangveräiner von Nidderwampich a vo Brotebach anzelooden, mat eis ze sangen, sou wéi mir dat bei aneren Geleeënheeten och gären praktize’eren.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: instrumental Nada te turbe - Chant de Taizé M: Jacques Berthier
Agangslidd In dir ist Freude M: Giacomo Gastoldi
Kyrie Herr, erbarme dich M: Peter Janssens
Gloria Gloria, Ehre sei Gott Kathi Stimmer-Salzeder, Arr: Carlo Grotz
Zwëschegesank Alleluia Nr.7 Taizé M: Jacques Berthier
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Donne-moi de t’aimer Claire Chataignier, prière de St Ignace
Sanctus Holy, holy is the Lord Editor: Kevin Mayhew
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Werkzeug des Friedens nach Franziskus, M: P. R. Kreidl
Kommuniounslidd Les béatitudes d’après des mélodies slaves
Schlusslidd Gott hört dein Gebet T + M: Mark Heard
Sortie: instrumental Surrexit Christus - Chant de Taizé M: Jacques Berthier

Chouer: Choralë vun Nidderwampich, Uewerwampich a Brotebach
Dirigent a Gittarist: Francis Hoffmann

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu