lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass um 2. Ouschtersonndeg gouf vu Pënsch iwwerdroen
Den 7. Abrëll gouf d’Houmass vu Pënsch iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Pintsch huet ënnert der Direktioun a begleet op der Uergel vum Cédric Gustin gesong. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Sainte-Cécile Pintsch
De fréiere “Gesang-Verein von Pintsch” ass scho virun 1865 erwähnt ginn. An de 70er Jore vum leschte Joerhonnert hu sech eenzel Sängergruppen aus der fréierer Por Pënsch zesumme fonnt, fir als gemëschte Chouer d’Gottesdéngschter ze verschéineren.
Eise Chouer besteet momentan aus 13 Memberen (10 Fraen, 3 Männer mam Organist) mat engem Duerchschnëttsalter vu 54 Joer.
Zënter November 2015 ass de Cédric Gustin Organist op der historescher Müller-Uergel (1899 II/12) zu Pënsch. Ufank 2021 huet hien och déi musikalesch Leedung vun der Chorale iwwerholl. De Repertoire vun der Chorale besteet haaptsächlech aus moderne franséische Lidder, déi zum Deel vum Organist fir 3 Stëmmen arrangéiert sinn (Sopran-Alt-Bariton).
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Jésus notre Seigneur mort et ressuscité pour nous | Denis Bédard |
---|---|---|
Agangslidd | Criez de joie, Christ est ressuscité | Cissy Suijkerbuijk |
Kyrie | Messe en l’honneur de Saint Donat | Cédric Gustin |
Gloria | Messe en l’honneur de Saint Donat | Cédric Gustin |
Alleluia | Alleluia, Il est vivant | Marie-Louise Valentin |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Au matin, la pierre est roulée | Chants de l’Emmanuel (Alexis Fleury) |
Sanctus | Messe en l’honneur de Saint Donat | Cédric Gustin |
Anamnes | Christ est vraiment ressucité | Claude Duchesneau / Melchior Vulpius |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Messe en l’honneur de Saint Donat | Cédric Gustin |
Kommiounslidd | Christ est Seigneur, alléluja | Claude Bernard / Michel Vial |
Schlusslidd | This Joyful Eastertide | George R. Woodward / J. Oudaen’s |
Uergel: Sortie | Alleluja du “Messie” de G.F. Händel | Transcription pour orgue: Théodore Dubois |