lb fr pt en
Livestream & Tëleesmass . Retransmission des messes  

Tëleesmass

Live a Replay vun der Sonndesmass

Aus „Radiosmass“ gouf „Tëleesmass“

Vum 1. Oktavsonndeg 2021 u gouf aus der „Radiosmass“ definitiv eng „Tëleesmass“ an um Fernsehkanal RTL Zwee esou wéi och um .dokTV ausgestraalt. Dat dierft vill Leit freeën, déi sech Sonndeg fir Sonndeg aschalten.

Dëst bréngt och méi Käschte mat sech. Wann déi generéis Donateure vun der „Radiosmass“ sech och ginge fir d’„Tëleesmass“ engagéieren, da kënnten all d‘Notznéisser vun deër neier Entwécklung hinnen dankbar sinn.

Live

Hei leeft sonndes moies vun 9.00 bis 10.00 Auer d’Iwwerdroung vun der Sonndesmass, all Kéiers aus enger anerer Kierch. De Rescht vun der Zäit gesidd Dir just Biller vun de Kierchen oder de Chorallen.

Sollt de Stream aus technesche Grënn net op dëser Säit opgoen, probéiert dëse Fichier op Ärem Computer mat engem Media Player ze starten.

Replay

Hei kënnt Dir d’Massen, déi eriwwer sinn nach eng Kéier kucken a lauschteren. Et ka bis zu e puer Stonnen daueren, ier déi aktuell Mass an der Lëscht optaucht. Wielt an der Lëscht ënnen den Datum a klickt dann op déi Zeil. De Replay vun all Mass ass ongeféier 8 Woche laang disponibel.

Kontakt

Dir wëllt eis kontaktéieren wéinst enger Fro zur Tëleesmass oder d’CD vun der Mass ufroen?
Kontakt: Service Communication et Presse, Tel. 44743-401, teleesmass cathol.lu

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung!

Säit Januar 2017 finanzéiert de Bistum d’Opnahm an zum gudden Deel och d’Iwwerdroe vun de Massen fir den Internet, .dokTV an RTL selwer. D’Fondation Sainte Irmine ënnerstëtzt dëse Projet, dee sech u Mënsche riicht, déi aus Gesondheets- oder anere Grënn net an d’Kierch goe kënnen, a fir déi d’Deelhuele via d’Medien dann déi eenzeg Méiglechkeet ass.

Hëlleft mat, a maacht en Don online oder spent op de Konto vun der Fondation Sainte Irmine LU64 1111 7017 0305 0000 mam Stéchwuert “Tëleesmass”.
Är Spend ka vun de Steieren ofgesat ginn. Villmools Merci!

D’Iwwerdroung vun der Sonndesmass a Bild an Toun ass nëmmen do méiglech, wou d’Technik bannent de Kierchen et eis erlaabt. Falls dir eng Live-Iwwerdroung suivéiert, déi kee Bild oder evtl. Stéierungen huet, wëlle mir eis am Virfeld dofir entschëllegen a bieden ëm äert Versteesdemech.
Nodréiglech kënnt dir d’Sonndesmass an der Widderhuelung um .dokTV, op RTL ZWEE oder am Replay op cathol.lu suivéieren.

Kuckt och . Voir aussi
Info

Aner Sonndesmassen op der Tëlee:

Deeglech Massen:

Massen aus de Paren:


Vatican Media Live (IT)
Vatican Media Live (FR)
Vatican Media Live (DE)
Vatican Media Live (EN)
Vatican Media Live (PT)

An dëser Rubrik . Dans cette rubrique
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu