lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

16. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 13,24-43

24 De Jesus huet de Leit dat Gläichnes hei erzielt: "D’Himmelräich ass ze vergläiche mat engem Mënsch, dee gudde Som op säi Stéck geséit huet.

25 Wéi alles geschlof huet, koum säi Feind, huet matzen ënner de Weess Onkraut geséit an huet sech ewechgemaach.

26 Wéi d’Hällem grouss gi sinn a Fruucht gedroen hunn, huet och d’Onkraut sech gewisen.

27 Du sinn dem Haushär seng Kniecht bei hie komm a soten zu him: ’Här, hues du net gudde Som op däi Stéck geséit? Wou kënnt dann dat Onkraut hier?’

28 Hien huet hinne geäntwert: ’Dat huet e Feind gemaach!’ Du soten d’Kniecht zu him: ’Solle mir higoen an et zesummerafen?’

29 Hie sot: ’Neen, soss rappt dir, wann dir d’Onkraut zesummeraaft, an engems de Weess mat eraus.

30 Loosst béides matenee wuesse bis d’Rekolt! Da soen ech deenen, déi d’Rekolt eranhuele kommen: Raaft fir d’éischt d’Onkraut a bannt et a Bëndelen zesummen, fir et ze verbrennen; de Weess awer sammelt fir a meng Scheier!”

31 Nach en anert Gläichnes huet de Jesus hinne matginn. Hie sot: "Mat dem Himmelräich ass et wéi mat engem Moschterkär, deen e Mënsch op säi Stéck séit.

32 De Moschterkär ass wuel dee klengste vun alle Somkären, ma wann e bis gewuess ass, gëtt e méi grouss wéi all déi aner Gaardeplanzen – e gëtt e Bam, esou datt d’Vigel vum Himmel kommen an an sengen Äscht hir Näschter bauen.”

33 An nach en anert Gläichnes huet hien hinne verzielt: “Mat dem Himmelräich ass et wéi mat Deessem, deen eng Fra ënner dräi Moosse Miel mëscht, bis dat Ganzt duerchsaiert ass.”

34 Dat alles huet de Jesus deene sëllege Leit a Gläichnesser verzielt – ouni Gläichnesser huet hien hinnen näischt verzielt,

35 fir datt sech dat erfëlle géif, wat duerch de Prophéit gesot gi war: “Dann doen ech mäi Mond op [a schwätzen] a Gläichnesser, da ruffen ech dat aus, wat zënter dem Ufank [vun der Welt] verstoppt war.”

36 Duerno huet de Jesus d’Leit heemgeschéckt an ass hannescht an d’Haus gaang. Seng Jünger si bei hie komm a soten zu him: “Erklär äis d’Gläichnes vum Onkraut um Feld!”

37 Hien huet hinne geäntwert: "Deejéinegen, deen dee gudde Som séit, dat ass de Mënschejong,

38 an d’Feld, dat ass d’Welt; dee gudde Som, dat sinn d’Kanner vum Räich, an d’Onkraut, dat sinn d’Kanner vum Béisen.

39 De Feind, deen et geséit huet, ass den Däiwel, d’Rekolt ass d’Enn vun dëser Welt, an déi, déi d’Rekolt eranhuelen, sinn d’Engelen.

40 Esou wéi d’Onkraut zesummegeraaft an am Feier verbrannt gëtt, esou geet et och um Enn vun dëser Welt.

41 De Mënschejong schéckt dann seng Engelen, an si rafen all dat aus sengem Räich eraus, wat een zum Béise verféiert, an och all déi, déi Onrecht gedoen hunn,

42 an si geheien si an en Uewen, an deem Feier ass ; do gëtt gejéimert a mat den Zänn gegrätscht.

43 Da liichten déi Gerecht wéi d’Sonn an hirem Papp sengem Räich. Wien Oueren huet, dee soll lauschteren!"

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu