lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

5. Faaschtesonndeg A

Joh 11,1-45

1 E Mann war krank, de Lazarus vu Bethanien. Dat ass dat Duerf, an deem d’Maria an hir Schwëster, d’Martha, gewunnt hunn.

2 D’Maria war déi Fra, déi den Här mat parfüméiertem Ueleg gesaleft an seng Féiss mat hiren Hoer ofgedréchent hat. De Lazarus, dee krank war, war hire Brudder.

3 Duerfir hunn déi zwou Schwësteren nom Jesus geschéckt an him soe gelooss: “Här, kuck, de Lazarus, deen s du gär hues, ass krank.”

4 Wéi de Jesus dat héieren huet, sot hien: “Seng Krankheet féiert net zum Doud, ma se ass do wéinst dem Herrgott senger Herrlechkeet, fir datt dem Herrgott säi Jong duerch si verherrlecht gëtt.”

5 De Jesus hat d’Martha an hir Schwëster an de Lazarus gär.

6 Obschonns hien elo héieren huet, datt de Lazarus krank war, ass hien nach zwéin Deeg op där Plaz bliwwen, wou hie war.

7 Eréischt duerno sot hien zu senge Jünger: “Loosse mer hannescht a Judäa goen.”

8 D’Jünger awer soten: “Rabbi, elo grad hunn d’Judde gesicht fir dech ze stengegen, an du wëlls duer hanneschtgoen?”

9 De Jesus huet geäntwert: "Huet den Dag net zwielef Stonnen? Een, deen am Dag doruechter geet, dee stéisst sech net, well hien d’Liicht vun dëser Welt gesäit,

10 ma een, deen an der Nuecht doruechter geet, dee stéisst sech, well d’Liicht net an him ass.”

11 Dëst huet hie gesot, an duerno sot hien zu hinnen: "De Lazarus, eise Frënd, ass entschlof, ma ech ginn elo dohin, fir hien aus dem Schlof z’erwächen.”

12 Du soten d’Jünger zu him: “Här, wann hien entschlof ass, da gëtt hie gerett.”

13 De Jesus hat vum Lazarus sengem Doud geschwat, si awer hu gemengt, hie géif vum gewéinleche Schlof schwätzen.

14 Du sot de Jesus hinne riichteraus: "De Lazarus ass gestuerwen,

15 an ech freeë mech wéinst ärer, datt dir zum Glawe komme kënnt, grad well ech net do war. Ma loosse mer elo bei hie goen.”

16 Du sot den Thomas, deen Zwilling genannt gouf, zu deenen anere Jünger: “Loosse mir matgoen, fir mat him ze stierwen!”

17 Wéi de Jesus dohi komm ass, louch de Lazarus schonn zënter véier Deeg am Graf.

18 Bethanien läit no bei Jerusalem, ongeféier 15 Stadien ewech.

19 Vill vun de Judde ware bei d’Martha an d’Maria komm, fir si wéinst hirem Brudder ze tréischten.

20 Wéi d’Martha héieren huet, datt de Jesus kéim, ass si him entgéintgaang; d’Maria awer ass am Haus bliwwen.

21 Du sot d’Martha zum Jesus: "Här, wann s du hei gewiescht wäers, da wär mäi Brudder net gestuerwen.

22 Ma och elo weess ech: Dat, wourëms du den Herrgott frees, dat gëtt den Herrgott dir.”

23 De Jesus sot zu hir: "Däi Brudder steet nees op.”

24 D’Martha huet him geäntwert: "Ech weess, datt hien nees opsteet – bei der Operstéiung op Jéngsterdag.”

25 De Jesus sot zu hir: "Ech sinn d’Operstéiung an d’Liewen: Wien u mech gleeft, dee lieft, och nodeems hie gestuerwen ass,

26 a jiddereen, dee lieft an u mech gleeft, dee stierft an all Éiwegkeet net. Gleefs du dat?”

27 D’Martha sot zu him: "Jo, Här. Ech gleewen, datt s du de Christus bass, dem Herrgott säi Jong, deen an d’Welt kënnt.”

28 Dunn ass si fortgaang, huet heemlech hir Schwëster, d’Maria, geruff a sot zu hir: “De Meeschter ass do, an hie rifft dech.”

29 Wéi d’Maria dat héieren huet, ass si séier opgestan an ass bei hie gaang.

30 De Jesus war nach net an d’Duerf eragaang, ma hie war nach ëmmer op där Plaz, wouhinner d’Martha him entgéintkomm war.

31 Wéi d’Judden, déi bei hir am Haus waren an si getréischt hunn, gesinn hunn, datt d’Maria séier opgestan an erausgaang ass, sinn si hir nogaang, well si gemengt hunn, si géif op d’Graf goen, fir do ze kräischen.

32 Wéi d’Maria dohi komm ass, wou de Jesus war, a wéi si hie gesinn huet, huet si sech virun him op de Buedem gehäit a sot zu him: “Här, wann s du hei gewiescht wäers, da wär mäi Brudder net gestuerwen.”

33 Wéi de Jesus gesinn huet, datt si gekrasch huet, an datt och d’Judden, déi mat hir dohi komm waren, gekrasch hunn, du war hien ënnerlech opgewullt an an enger Oprou.

34 Hien huet gefrot: “Wuer hutt dir hien higeluecht?” Si hunn him geäntwert: “Komm, Här, a kuck!”

35 Du sinn dem Jesus d’Tréine komm.

36 D’Judde soten: “Kuck, wéi gär hien de Lazarus hat!”

37 E puer vun hinnen awer soten: “Hätt deen do, deen deem Blannen d’Aen opgemaach huet, net och maache kënnen, datt de Lazarus net gestuerwe wär?”

38 Dunn ass de Jesus, deen nees ënnerlech opgewullt war, bei d’Graf gaang: Et war eng Hillecht, déi mat engem Steen zougemaach war.

39 De Jesus sot: “Huelt de Steen ewech!” Du sot deem Verstuerwene seng Schwëster, d’Martha, zu him: “Här, hie richt schonn, et ass nämlech schonn de véierten Dag.”

40 De Jesus sot zu hir: “Hunn ech dir net gesot, datt s du dem Herrgott seng Herrlechkeet ze gesi kriss, wann s du gleefs?”

41 Dunn hunn si de Steen ewechgeholl. De Jesus huet opgekuckt a gesot: "Papp, ech soen dir merci, datt s du op mech gelauschtert hues.

42 Ech weess zwar, datt s du ëmmer op mech lauschters, awer wéinst deene ville Leit hei ronderëm hunn ech dat gesot, fir datt si gleewen, datt s du mech geschéckt hues.”

43 Nodeems hien dëst gesot hat, huet hien haart geruff: “Lazarus, komm eraus!”

44 Dunn ass deen Doudegen erauskomm. Hien hat léngen Dicher ëm d’Féiss an ëm d’Hänn gebonnen an e Schweessduch ëm d’Gesiicht gewéckelt. De Jesus sot zu hinnen: “Maacht hie lass a loosst hie fortgoen!”

45 Vill vun de Judden, déi bei d’Maria komm waren a gesinn hunn, wat de Jesus gemaach huet, hunn un hie gegleeft.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu