lb | fr | pt | en |
Bëschofswuert zum Weltdag vun de Kranken 2014
„Alles hat seine Stunde, und eine Zeit ist bestimmt für jedes Vorhaben unter dem Himmel“ (Kohelet 3, 1)
Léif Krank,
Dir duerchlieft eng Zäit, déi sécher net einfach ass: duerch är Krankheet spiert Dir, wéi verletzbar d’Liewen ass. Ängschten a Suergen beschäftegen Iech. D’Krankheet bréngt Iech u Grenzen. Duerch si léiert Dir awer villäicht, d’Liewen nei wouer ze huelen, nei ze bedenken a wesentlech Froen, fir déi mir oft am Alldag keng Zäit hunn, zou ze loossen. Ech wënschen Iech, datt Dir esou, trotz all deem Schwéieren, kostbar an déif Erfarungen kënnt maachen, an duerch äre Glawen erfuert, datt hannert Krankheet a Leed eng perséinlech Zouso vu Gott zu Iech steet.
Léif eeler Leit,
Den Alter huet Iech ageholl, Dir fillt iech villäicht dacks vergiess a sidd op friem Hëllef ugewisen. Dir kommt Iech och alt als Laascht fir aner vir. Awer, Dir hutt op Ärem laange Liewenswee vill wichteg Erfahrunge gemaach an esou e räife Bléck op d’Liewen gewonnen. De Poopst François sot bei enger Audienz: „Das Alter ist die Zeit der Ruhe und des Gebets. Und es ist auch die Zeit, den jungen Menschen diese Weisheit zu geben.“
Grad an dësem Joer, wou mir zesummen eng spirituell Démarche ënnert dem Thema „Sech zu Christus bekéieren“ wëlle maachen, ginn ech Iech dëst Uleies mat op de Wee: Notzt d’Zäit vun der Krankheet, vum Alter an dem Gebriechen, fir Christus méi déif an Äert Liewen eranzeloossen a vun him beréiert ze ginn.
De Poopst François schreift a sengem Message zur Geleeënheet vum Weltdag vum Kranken: „Der Mensch gewordene Sohn Gottes hat Krankheit und Leid nicht aus der menschlichen Erfahrung beseitigt, aber indem er sie auf sich genommen hat, hat er sie verwandelt und relativiert. Relativiert, weil Krankheit und Leid nicht mehr das letzte Wort haben, welches dagegen das neue Leben in Fülle ist; verwandelt, weil sie in der Vereinigung mit Christus als etwas negativ Erfahrenem zu etwas Positivem werden können.“
An dësem Sënn wënschen ech Iech, datt d’Vertrauen op Christus Iech och a méi schwéiere Stonnen dréit, an datt Dir Iech zu all Zäit an dem Härgott senger gudder Hand gebuerge spiert!
Mat mengem Seegen bleiwen ech Iech zudéifst verbonnen,
Lëtzebuerg, am Januar 2014
+Jean-Claude Hollerich s.j
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
- De Kalenner vum Kardinol . Le calendrier du cardinal
- Kardinolserhiewung . Création cardinalice
- D’Wuert zum Sonndeg . La Parole du Dimanche
- Aktivitéiten . Activités
- Priedegten . Homélies
- Cardinal Jean-Claude Hollerich
- Mgr Jean-Claude Hollerich va à Fatima le 13 août
- Erzbischof Jean-Claude Hollerich geht am 13. August nach Fatima
- Kardinol Jean-Claude Hollerich an de peepstleche Rot fir den interreliéisen Dialog genannt
- Cardinal Jean-Claude Hollerich nommé membre du Conseil Pontifical pour la Culture