lb | fr | pt | en |
16. Sonndeg am Joereskrees B
Mk 6,30-34
30 D’Apostelen, déi de Jesus erausgeschéckt hat, sinn nees bei him zesummekomm an hunn him alles erzielt, wat si gemaach a wat si d’Leit geléiert haten.
31 Du sot hien zu hinnen: “Kommt mat op eng ofgeleeë Plaz, wou dir fir iech sidd, a rascht e bësschen!” Et sinn nämlech esou vill Leit komm a gaang, datt si net emol Zäit fonnt hu fir z’iessen.
32 Du sinn si mam Naache fortgefuer op eng ofgeleeë Plaz, wou si fir sech waren.
33 Ma eng Rei Leit hunn si gesi fortfueren, a vill sinn der et gewuer ginn. Zu Fouss sinn si aus alle Stied mateneen dohinner gelaf, an si waren nach virum Jesus an den Apostelen do.
34 Wéi de Jesus aus dem Naache geklomm ass, huet hien all déi Leit gesinn. Et huet him am Häerz wéigedoen, well si ware wéi Schof, déi keen Hiert hunn , an hien huet ugefaang, si villes ze léieren.