lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

6. Ouschtersonndeg B

Joh 15,9-17

9 De Jesus sot zu senge Jünger: "Esou wéi de Papp mech gär huet, esou hunn och ech iech gär. Bleift a menger Léift!

10 Wann dir iech u meng Geboter haalt, da bleift dir a menger Léift, esou wéi ech mech u mengem Papp seng Geboter halen an an senger Léift bleiwen.

11 Dëst hunn ech iech gesot, fir datt meng Freed an iech ass, a fir datt är Freed vollkommen ass.

12 Dat hei ass mäi Gebot: Dir sollt een deen anere gär hunn, esou wéi ech iech gär hunn!

13 Et huet kee méi eng grouss Léift wéi deen, deen säi Liewen hiergëtt fir seng Frënn.

14 Dir sidd meng Frënn, wann dir dat maacht, wat ech iech gebidden.

15 Ech nennen iech net méi Kniecht, well de Kniecht weess net, wat säin Här mécht. Ech nennen iech Frënn, well ech hunn iech alles matgedeelt, wat ech vu mengem Papp héieren hunn.

16 Net dir hutt mech auserwielt, ma ech hunn iech auserwielt an derzou bestëmmt, datt dir higitt a Fruucht drot, an datt är Fruucht bleift, fir datt de Papp iech dat gëtt, wourëms dir hien a mengem Numm frot.

17 Dat hei gebidden ech iech: Dir sollt een deen anere gär hunn!"

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu