lb | fr | pt | en |
Härläichendag B
Mk 14,12-16.22-26
12 Deen éischten Dag an der Woch vum Matesbrout, wou d’Pessach-Lamm geschluecht gouf, soten dem Jesus seng Jünger zu him: “Wuer solle mir higoen, fir d’Pessach-Iesse fir dech virzebereeden?”
13 Dunn huet hien der zwéi vun hinne virgeschéckt a gesot: "Gitt an d’Stad. Do kënnt een iech entgéint, deen en äerde Krou mat Waasser dréit. Gitt him no,
14 an do, wou hien erageet, sot zum Haushär: ’De Meeschter léisst dir soen: Wou ass mäi Sall, an deem ech d’Pessach mat menge Jünger iesse soll?’
15 Hie weist iech dann e grousst Zëmmer uewenop, dat prett ass, mat Këssen ausgeluecht. Bereet äis et do vir!"
16 D’Jünger si fortgaang a koumen an d’Stad. Si hunn alles esou fonnt, wéi hien hinnen et gesot hat, an si hunn d’Pessach-Iesse virbereet.
22 Iwwerdeems si giess hunn, huet de Jesus Brout geholl an den Herrgott gelueft; hien huet et gebrach, hinnen et ginn a gesot: “Huelt! Dat hei ass mäi Läif.”
23 Dunn huet hien e Kielech geholl an dem Herrgott merci gesot; hien huet hinnen e ginn, an si hunn alleguer draus gedronk.
24 An hie sot zu hinnen: "Dat hei ass mäi Blutt, d’Blutt vum Bond, dat fir der vill vergoss gëtt.
25 Amen, ech soen iech: Ech drénke ganz sécher net méi vum Drauwestack senger Fruucht bis deen Dag, wou ech am Herrgott sengem Räich op en Neis dervun drénken."
26 Nodeems si d’Luefpsalme gesong haten, sinn si erausgaang, op den Olivebierg.