lb fr pt en de
Jahr B (2017-2018)  
24. Dezember 2017

Chrëschtdag: E Kand bréngt Léift…

Gedanke fir Chrëschtdag vum Monique Hermes

D’Krëppche vum Albert Ammann (Détail) an der Parkierch zu Innerberg/Montafon.
Foto: Monique Hermes

 

Chrëschtdag: E Kand bréngt Léift…
 
Op Chrëschtdag
schéckt Gott
kee Stellvertrieder an d’Welt.
Hie kënnt héchstperséinlech.
 
Net als mächtege Kinnek,
net mat schéine Wierder trëtt hien op,
mä als klengt, onschëllegt Kand
an enger Fudderkrëpp.
 
Hie kënnt ouni Waffen,
et sief dann, déi vun deene Klengen.
Hie kënnt ouni Programm,
et sief dann dee vun de Séilegpreisungen.
Hie kënnt ouni Muecht,
et sief dann déi vum Verzeien.
 
Hie kënnt ouni Arméi,
et sief dann, déi, déi säi Luef séngt
a Fridde verkënnegt.
Hie kënnt ouni Ukënnegung,
et sief da bei den Hiirten,
den Ausgestoussene vun deemools.
 
An der Persoun vun engem klengen,
onschëllege Kand
beweist Gott der ganzer Welt
d’Muecht vu senger Léift…
 
Monique Hermes
Monique HERMES
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu