lb fr pt en
Jahr B (2017-2018)  
17. März 2018

Wenn das Weizenkorn ... allein

Kommentar zum 5. Faaschtesonndeg vum Fernand Huberty (18.3.2018)

Joh 12,20-33

Léif Frënn, am Evangelium vun haut geet et tatsächlech ëm d’Wurscht. Aus dem Juddentum gëtt eng Weltrelioun. „Die Stunde ist gekommen, dass der Menschensohn verherrlicht wird.“ Dat heescht, Jesus soll als Sohn Gottes erkannt gi vun de Judden, vun de Griichen. Dat heescht weider, dass dës Herrlechkeet nëmmen duerch den Doud geschéie kann, deen dann iwwergeet eben an d’Herrlechkeet vum Papp am Himmel, zu där déi nei, déi ganz Schöpfung beruff ass. An dëser frouer Botschaft falen dann awer zwee Sätz op, déi et besonnesch schwéier maachen: „Wer sein Leben gewinnen will, wird es verlieren, der aber sein Leben in dieser Welt hasst, wird es bewahren bis ins ewige Leben.“ Wien awer aus dëse Sätz Konklusiounen zitt, et misst een d’Liewen haassen, deen ass net gleeweg, mä krank. Net fromm, mä ondankbar. Gemengt ass villméi een onausgegorent, krankhaft Kliewen um Liewensgenoss mat dem Ausschalte vun alle Wäerter, déi dann op d’Spill gesat ginn oder veruecht ginn. Et handelt sech ëm Situatioune vun entweder oder, ëm déi ganz selte Situatioune vun Zeegnis ginn, déi ebe bei de Märtyrer zu allen Zäiten unzetreffe waren.

Mir brauchen eis am allgemengen net déi Froen ze stellen, well an dëse Situatioune kann ee sech normalerweis net anescht entscheeden, wéi een et am Liewe virdru gelieft huet. Dat gesäit een an der Geschicht ëmmer nees an de Grenzsituatioune vum Liewen, am Krich, an der Gefaangenschaft, hei gëtt aus scheinbare Feiglingen Helden, hei ginn aus scheinbar staarke Perséinlechkeete Feiglingen. Hei ass net deen äussere Schäi gefrot, mä hei ass gefrot, wat ganz déif am Mënsch dran ass: säi Gewëssen, seng Wäerter, seng Erzéiung, seng Iwwerzeegung, säi Glawen. Et ass eng haart, awer ëmmer nees bewisen Tatsaach. Duerfir gebraucht de Jesus och déi Geschicht vum Weesskär. „Wenn das Weizenkorn nicht in die Erde fällt und stirbt, bleibt es allein. Wenn es aber stirbt, bringt es reiche Frucht.“ Dëst Gesetz ass net nëmme richteg an der Natur, mä och beim Mënsch. Grad deen, dee sech virum Doud verbarrikadéiert, sech amauert, deen den Doud leegne wëllt, dee gëtt vun der Realitéit vum Doud bal ëmmer iwwerrascht an och oft iwwerrannt. Dat zielt am Alldag vum Liewen, awer besonnesch an de Grenzsituatioune vum Liewen oder beim sécheren Doud virun Aen.

De Sokrates wollt senger Sendung fir d’Wourecht trei bleiwen a war esou bereet, den Doud op sech ze huelen. De Pater Delp huet virum Volksgerichtshof net säin Uerden a seng Aarbecht verleegent an ass duerfir zum Doud veruerteelt ginn. Den Dietrich Bonhoeffer hätt sech net bräichten ëm Widerstandsbewegungen ze këmmeren an hätt vläicht bis haut gelieft. De Bëschof Romero hätt sech kënne gutt hale mat deene Räichen, et wär him gutt gaangen, statt sech fir déi Arem an Ënnerdréckt anzesetzen an esou um Altor erschoss ze ginn. Onzähleg Fraen a Männer kann een esou an der Geschicht begéinen, déi déi Wourecht, d’Aufgab, ee Gewëssen ebe méi héich ageschat hunn ewéi hiert eegent Liewen. Dat waren alles keng Beruffsmärtyrer, keng Beruffsfanatiker, dat ware grad aktiv Mënschen, déi d’Liewe gär haten, Mënschen, déi net aus Angscht vergaange sinn, mä an der Liewensfreed sech agesat hu fir d’Liewen, d’Fräiheet, d’Gerechtegkeet, an dat net aus eegenem Interesse, mä aus der Iwwerzeegung, aus dem Glawen an der Léift zu hire Matmënschen. Si hu recht behal. Hiren Asaz, hiren Doud war net ëmsoss. Hiert Liewen a Stierwe ware fruchtbar a si fruchtbar bis haut. Wéi de Jesus, a wéi no Him Dausende, geet de Wee zur Herrlechkeet eben nëmmen duerch den Doud.

Vill Mënschen déi net Chrëschte waren oder sinn, hunn dës Tatsaach begraff a si fruchtbar, en Zeeche fir hir Matmënsche ginn. Ech stelle mer d’Fro: Versti mir Chrëschten dës Botschaft, dëst Gesetz vum Weesskär nach an eiser Zäit, wou alles nëmme méi vum Konsum geregelt gëtt?

Quell: Luxemburger Wort

Fernand HUBERTY
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu