lb fr pt en
Wegweiser Jahr A (2016-2017)  
20. Mee 2017

Dës Kanner hu keng Chance!

Wegweiser zum 6. Ouschtersonndeg (21.05.2017)

Dës Kanner hu keng Chance! Dat war, am Résumé, de Fazit vun enger soziologescher Etude, déi d’Liewensgeschicht vun 200 Kanner ënnersicht huet, déi an de Slums vu Baltimore gelieft hunn. 25 Joer méi spéit sollt eng zweet Etude kläre wat dës 200 Kanner an Tëschenzäit aus hirem Liewe gemaach haten. 180 vun hinnen konnte fir dës zweet Etude nach eng Kéier befroot ginn an d’Resultat huet net nëmmen d‘Wëssenschaftler erstaunt: 176 vun dëse Mënschen, déi an de Slums opgewuess waren, haten, esouwuel berufflech wéi och privat, „Carrière gemaach“.

Op d’Fro, wéi dat méiglech wier, hu si alleguerten hir Geschicht erzielt, an hei ass, ouni Ausnahm, ëmmer nees ee Saz gesoot ginn: „Mir haten deemools eng Léierin …“ A well dës „Joffer“ nach gelieft huet, ass si interviewt ginn fir erauszefannen mat wat fir enger „magescher Formel“ si et fäerdeg bruecht hat, fir dëse Kanner esou eng positiv Zukunft ze erméiglechen. „Ma dat ass wierklech ganz einfach“, huet si geäntwert, „ech hat all meng Schüler gäeren!“ Duerch hir déif an éierlech Léift hat dës Fra e puer honnert jonke Mënschen eng Zukunft „geschenkt“, déi, wëssenschaftlech gesinn, esou net ze erklären war.

Dëse Weekend ass net dës Léierin, mee eng aner Fra zu Beetebuerg op Besuch, déi et zënter méi wéi 40 Joer fäerdeg bréngt, honnerten, jo dausende vu Mënschen aus aarme Verhältnisser aus dem Chile, dem Peru a Bolivien „Hoffnung duerch Léift“ ze schenken.

Dës Fra ass d‘Schwëster Karoline Mayer a si ass d’Grënnerin vun der Fundación Cristo Vive. „Das Geheimnis ist immer die Liebe“ ass net nëmmen den Titel vun engem vun hire Bicher, mee et ass och hir Liewensastellung, mat der si et fäerdeg bruecht huet e riesegt sozialt Netzwierk op d’Been ze stellen, dat am Laaf vun de Joeren esou vill Mënschen „opgefaangen“ huet. Et ass wierklech erstaunlech, jo bal net ze glewen, wat d’Léift alles bewierke kann …

(Quelle: wort.lu)

René SCHUMACHER
rene.schumacher@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu