lb fr pt en
Wegweiser Jahr C (2015-2016)  
16. Abrëll 2016

Mat Dir an eng nei Zäit

Wegweiser zum 4. Ostersonntag

Haut fänkt se also nees un : eis Oktav. Elo héiert en erëm mueres fréi d’Klacken vun der Kathedral lauden, vereenzelt Pilger oder Gruppen iwwert d’all Bréck goen, läit iwwert der Uewerstad de Geroch vum Mäertchen an et begéint e Läit erëm, déi en dat ganzt Joer net gesinn huet.

Alles deit op eng al Traditioun hin, schliisslech feiere mir elo 350 Joer zënter der Erwielung vun der Tréischterin zur Stadpatréinesch – eng räich Geschicht. Mä dat wat schonn ëmmer esou war, schéngt och lues a lues auszelafen. An der Kathedral kritt en ëmmer gutt Plaz, eng sëlleche Massen sinn an de leschte Joeren ewechgefall, d’Jugend kënnt just nach zu bestëmmten Evenementer an di Zäit wou um Haaptaltor net genuch Plaz fir d’Paschtéier war ass definitiv eriwwer. Di puer Geeschtlech déi mir nach hunn sinn an hiren neien iwwerdimensionalen Communautéiten gefuerdert.

D’Oktav – en Auslafmodell? An dës schwiereg Zäit eran steet elo de Motto vun dëser Oktav: Mat Dir an eng nei Zäit. Aplaz vun Resignatioun kléngt dat hei no engem neien Opruff, no Zukunft, no Opschwong. “Mat Dir” ass e Verspriechen, dass ech net alleng sinn, an eng nei Zäit wënschen ech mir scho laang. Hoffentlech ginn ech vun dëser Oktav 2016 net enttäuscht.

(Quelle: wort.lu)

Mehr zum Thema: Alle “Wegweiser”-Texte finden Sie hier…

Véronique WEIS
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu