lb fr pt en
Priedegten  
27. Abrëll 2016

Et ass räsonnabel, Hoffnung ze hunn!

Priedegt vum Doumpropst Georges Hellinghausen bei der Mass fir den Doumkapitel, de Bëschofsrot, de Centre Jean XXIII, d’LSRS, d’Bistumsverwaltung an de Service de la Pastorale

1. En neien Abschnitt am Liewe vun eiser Kierch! Grouss Reforme stinn un: Ofschafe vun Reliounsunterrecht a Kierchefabriken, Grënne vum Kierchefong, „catéchèse en paroisse“, Schafe vu neie Paren a LSRS.

Saachen veränneren sech, do fille mer äis veronséchert. Mer mussen Abschied huele vun deem, wat äis vertraut war, a mer hunn nach keng kloer Virstellung vun deem, wat a seng Plaz trëtt. „Mutationszeiten sind stets auch Zeiten der Störung, ja der Zerstörung“, schreift de Linguist Gebser. Dat spiere mer um eegene Läif, och um Läif, deen d’Kierch ass.

Que faire? Ëmbrochsituatiounen a Schicklsalsschléi kann een entweder verdrängen, se hinhuelen, se méiglechst séier hannert sech bréngen oder awer se wäertschätzen. Well et si Phasen, wou d’Liewen besonnesch intensiv spierbar gëtt. Si aktivéieren eise schëpferesche Potenzial a loossen äis Entdeckungen an Erfarunge man, déi äis spéider Halt a Richtung kënne ginn. Mat iech wëll ech e Buch duerchbliedere vun der Reliounswëssenschaftlerin a Philosophin Natalie Knapp: „Der unendliche Augenblick. Warum Zeiten der Unsicherheit so wertvoll sind“

2. Mir ginn iwwert eng Schwell, vum Bekannten an dat Ongewësst. Wéi dack am Liewen musse mer dat maachen – och elo am Liewe vun eiser Diözes. Dësen Forme vu Passage gesi mer jenodeem gespant oder ängschtlech entgéint, well mer net wëssen, wat op äis durkënnt, wéi mer se meeschteren a wat si äis brénge wäerten. Iwwergäng si Phasen, wou mer net op stabilen, mä wackelege Féiss stinn. Wou mer awer ongeahnt Kräften developpéiere kënnen. Krise si, wéi mer wëssen, och eng Chance. An all neien Ufank huet säi Charme („Und jedem Anfang wohnt ein Zauber inne“, esou den Hermann Hesse). Gutt Iddie waarde gär bis op Krisenzäiten, fir sech Gehéier ze verschafen. Sougur wa mer wëssen, dass mer eppes verännere sollten, maache mer äis dem Neien an Onbekannten dann réischt op, wann d’Ëmstänn äis dozou forcéieren.

Vergiesse mer net, léif Matchrëschten, dass dat, wat mer hei um Altoer feieren, d’Ouschtergeheimnis, och esou e Passage, „Übergang des Herrn“ ass, esou wéi schon de Numm et seet. An Ägypten ass den Här eriwwergaang an huet duerch d’Blutt vun de Lämmer, dat un d’Diere geschmiert war, Israel vum Dout verschount. Esou ass och de Mystère pascal, dee mer eucharistesch beginn, den Iwwergank vum Dout an d’Liewen, wou de Jesus äis mathëlt. Pascha/Passage ass en Existenzial vum Chrëschtentum, en Essential – wonnere mer äis net, dass a wa mer dermat ze di kréien, net nëmmen liturgesch, mä och existenziell.

E spriechend Beispill fir esou en Iwwergank ass an der Natur déi Plaz, wou de Bësch an d’Wiss iwwergeet. Dat ass eng Randzon, eng extra fruchtbar Zon. Do gëtt et Planzen an Déieren, déi et nëmmen hei gëtt, bei dësem Iwwergank. Dat ass de sougenannten „Rand-Effekt“. Un sou engem Randeffekt sinn och mir als Kierch zur Zäit. Iwwergangsphase fuerderen äis Ähnleches of wéi esou ökologesche Randzonen, se bidden Iwwerraschungen un, agreabler an anerer. „Es sind Zeiträume, in denen die gewohnten Regeln unseres Lebens außer Kraft gesetzt werden... durch die Konfrontation mit Ereignissen, die uns aus unserem eingespielten Rhythmus herauskatapultieren“, schreift eis Autorin (S. 50). Mä esou kann Neits entstoen, och wann et keng Rezepter gëtt, wéi sech deem stellen. Do muss een d’Liewen da spille loossen, esou wéi bei der Randzon tëscht Bësch a Wiss – an d’Liewen organiséiert sech.

3. Mer sinn also an enger Zwëschenzon, enger Ausnahmesituatioun. Awer grad mat esou Ausnahmesituatioune vum Liewe gëlt et uechtsam ëmzegoen. Si kënne nämlech besonnesch ertragräich ginn.T’lount sech, dëse munchmol onbequemen a schmäerzhafte Prozess bewosst ze vollzéien a genee doduerch zouzeloossen, dass sech schëpferesch Reserven entfale kënnen. „Erst wenn wir loslassen und in unsere eigene Verwandlung einwilligen, werden wir innerlich weit und offen, so dass das Neue auf die Welt kommen kann. Im übertragenen Sinne findet Geburt daher immer dann statt, wenn wir uns essenziellen Erfahrungen öffnen, die wir nicht kontrollieren können, und uns davon verwandeln lassen.“ (S. 76) Firwat net aus der Nout eng Tugend maachen?

Notze mer eis Zäit als Kreativlabo, wou mer d’Alchemie vun der Zukunft entdecken. Mat problematesche Situatiounen ëmgoen, fuedert äis eng gewëssen Onsécherheetstoleranz an Ambiguitéitstoleranz of, déi mer mussen opbréngen. D’Ressourcen, déi mer heifir entwécklen, sollten deem Rechnung droen: do musse mer zugläich nodenklech an naiv sinn (naive Nachdenklichkeit), zugläich zweifelen a vertrauen (zweifelndes Selbstvertrauen), zugläich konstruktiv an onzefridde sinn (konstruktive Unzufriedenheit), zugläich distanzéiert an engagéiert (distanziertes Engagement) – woumat mer beim Ignatius senger „indifferentia“ wieren, déi genee dat mengt: engagéiert Geloossenheet, geloossent Engagement. Mer erliewe Spannungen, mä déi maachen Entwécklung méiglech. Maria, d’Mamm vum gudde Rot, léisst äis do net am Plang.

4. Et ass Fréijoer. „Die Botschaft des Frühlings“ heescht en Ënnerkapitel vum Nathalie Knapp. Dës Botschaft ass: Et ass räsonnabel, Hoffnung ze hunn! Well d’Kraaft vum Liewen, dat erwecht, ass ëmmer méi grouss wéi dat, wat mer äis an däischtere Phase virstelle kënnen. D’Schéinheet vum Fréijoer ass net ofhängeg vun der Rekolt am Summer. Sougur wann déi net antrëtt, hat dach d’Fréijoer säi Sënn an huet eist Liewe méi hell gemat. Et war awer wierksam, och wann et sech net erfëllt huet. Gi mer einfach emol virun, den neie Buedem ënnert eise Féiss wäerte mer entdecken, andeems mer ginn, net andeems mer e meiden. Dat ass gelieften Hoffnung. An des Hoffnung ass ëmmer e Gemeinschaftswierk. Huele mer äis Kraaft a Stäerkung heifir bei deër, déi mer als „Spes nostra“, als eis Hoffnung hei uruffen a veréieren, a vun deër mer am Oktavlidd sangen – à propos Fréijoer –, si wier eis Himmelsbloum.

Gi mer elo op d’Defien an, verbünde mer äis mat der Gegenwart an ergräife mer dat, wat déi momentan Situatioun äis zur Verfügung stellt. Wäisheet brauche mer. Maria, Sedes sapientiae, wäert äis bäistoen. Also elo wierklech schaffen, elo d’Léift liewen, elo opbegiere wa néideg, elo Verantwortung iwwerhuelen. Am jetzegen Abléck fënnt d’Liewe statt. Vläicht war d’Ausso vum Konzil ni méi richteg wéi haut: Mer sinn als wandernd Vollek Gottes ënnerwee op déi kommend Welt zou. Maria ass heibäi en Zeeche vu sécherer Hoffnung an Trouscht. Do wou si ass, gëtt déi Welt antizipéiert, vun deër et an eiser Lesung heescht: „Seht, ich mache alles neu!“ Esou kann déi wënschenswäert Zukunft de jetzegen Ablack befruchten an déi real Zukunft ervirbréngen. Eis Autorin Natalie hällt fest: Et muss eppes an eist Bléckfeld kommen, ier et do ass. Da beweegt sech eppes aus der Zukunft eraus a kennt op äis dur. Hoffnung als Fähegkeet, eis Gegenwart aus der Zukunft ze denken. Hoffnung bedeit, sech vun der Zukunft begeeschteren ze loossen, déi längst do ass, an d’Gegenwart doduerch eréischt richteg genéissen ze léieren. Mir sinn en Deel vun der Schëpfungskraaft, déi de Schëpfer a seng Welt geluecht huet, mer sinn en Deel vun senger Wandlungsfähegkeet. Firwat also net elo dermat ufänken, well dat ass Hoffnung an Aktioun.

5. Loosse mer eng weider Philosophin zu Wuert kommen, d’Hannah Arendt. Si seet: Dat wat eben elo usteet, musse mir an Ugrëff huelen, mir a keen aneren. Mir sinn déi eenzeg, déi hei an elo des Lieweskonstellatioune schëllere mussen, vläicht och mat enttäuschende Resultater, mat vermeidbaren an onvermeidbare Feeler. Awer si ginn äis och d’Chance, mat dem Liewen, esou wéi et sech grad elo weist, nei an d’Gespréich ze kommen. D’Zesummespill vun deem, wat berechenbar ass, an deem, wat net virauszegesinn ass, bei äis a bei Situatiounen, schaaft Handlunsgspillreim. Mer maachen dann eng Saach gutt, wa mer äis mat deene Mëttelen, déi äis momentan zur Verfügung stinn, oprichteg drëm beméien. D’Natalie Knapp schlussfolgert: „Nur wenn wir das Unvermeidliche annehmen, können wir uns neu öffnen und einer noch unbekannten Zukunft die Hand reichen. Und was uns heute als Katastrophe erscheint, könnten wir in wenigen Tagen oder Jahren als glückliche Fügung betrachten, als entscheidender Wendepunkt unseres Lebens.“ (S. 19) Beispiller aus der Geschicht: Dass mer eng Diözes sinn, ass eng Laangzäitfruucht vun der destruktiver Kierchepolitik vun der Franséischer Revolutioun. Den antiklerikalen Directoire huet kierchlech Strukturen am a ronderëm eist Land zerstéiert an domat d’Blocagen aus dem Ancien Régime ewechgeraumt, nämlech d’Fürstbistümer Tréier a Léck an déi inländesch Abteien, déi eng eegestänneg Lëtzebuerger Kierch jorhonnertelaang ënnerbonnen hunn. Esou schrecklech an ambigu wéi et kléngt: Dës Kierch konnt eréischt Kathedral ginn, wéi hei just vis-à-vis d’Knuedlerkierch ofgerappt war. Oder d’Säkularsiatioun an deerselwechter Zäit, déi Orden a Kongregatiounen opgehuewen huet – domat konnten déi nei reliéis Kräften, déi am 19. Jh. erwecht sinn, sech kristalliséieren um iwweraus fruchtbare Verbands- a Sozialkatholizismus, vun deem och eist Land bis wäit an d’20 Jh. era profitéiert huet. Vläit sti mer jo och um Ufank vun esou enger Regeneratiounsphas vun der Kierch. Entwéckle mer e Gespier derfir: Watfir Intensitéit a wou entfalt d’kierchlecht Liewen grad elo? Wat ass dat Besonnescht un deem, wat mer elo erliewen an nëmmen elo? D’Zukunft erwiist aus der Gegenwart.

6. E weidert Ënnerkapitel handelt vun der Verwandlungskraaft vun der Trauer, vun der Kreativitéit vun der Trauer. „Nimm Abschied und gesunde!“ Nëmme war mer de Verloscht als Verloscht unerkennen an duerchleiden, rational an emotional, kann eppes Neits entstoen. An engem Manifest steet: „Das Ende der Welt, wie wir sie kennen, ist nicht das Ende der Welt. Punkt. Gemeinsam werden wir die Hoffnung jenseits der Hoffnung finden, den Pfad, der zu der unbekannten Welt führt, die vor uns liegt.“ (S. 238) Dat gëlt och fir d’Kierch. An denke mer do un déi fruchtbar Trauer vu Maria ënnert dem Kräiz, d’Mater dolorosa: Grad do gëtt si Mamm vun der Kierch, do gëtt si Materléiserin an Tréischterin.

Léif Bridder a Schwësteren! Virun allem musse mer keng Angscht hunn. En Exeget huet nogezielt, dass d’Wuert „Fäert net“ 365 mol an der Bibel virkënnt. Dat ass e schéint Bild: Iwwer all Dag vum Joer steet d’Versprieche vu Gott, äis d’Angscht ze huelen. Duefir, fäert net! Amen.

Georges HELLINGHAUSEN
georges.hellinghausen@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu