lb fr pt en
Oktav 2019 . Octave 2019  
6. Mee 2017

D’Geschicht vun der Oktav op ee Bléck: Besuergt Iech de Film “Marche avec nous - Octave Mariale à Luxembourg”

DVD beim Service Communication et Presse vum Bistum a während der Oktav am Bicherzelt ze kréien

Am Kader vum Jubiläumsjoer “350 Joer Stadpatréinesch” gouf 2016 Joer en Documentaire gedréit iwwer d’Oktav, hir Geschicht a Bedeitung, an iwwer d’Festivitéiten 2016. Zwee jonk franséisch Réalisateuren – Alexia Veriter an Ivan Pelletier – hunn dëse Film gedréit. Den Documentaire vun 52 Minutten an a franséischer Sprooch dréit den Titel “Marche avec nous – Octave Mariale à Luxembourg”.

Zum Film heescht et: “Ces images nous rappellent que nous sommes tous pèlerins, appelés à prendre la route avec d’autres, vers un nouvel avenir. Que la Consolatrice des Affligés nous rassemble, au-delà de toutes frontières, appartenances, culture ou langues.”

Dëse Projet konnt réaliséiert ginn mat der Ënnerstëtzung vu villen Donateuren via d’Fondation Sainte Irmine. Hinnen all e grousse Merci!

De Film “Marche avec nous – Octave Mariale à Luxembourg” ass nach ëmmer als DVD ze kréien am Service Communication et Presse (5, avenue Marie-Thérèse, Bâtiment H, L-2132 Luxembourg, Tel. 44743-401, oktav cathol.lu).

Während der Oktav 2019 ass den DVD och am Medien- a Bicherzelt am Bannenhaff disponibel.

Präis vun der DVD: 15 Euro.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu