lb fr pt en
Priedegten  
23. Mee 2019

Bleif bei eis – am Deelen an an der Entwécklungshëllef / Mt 25, 31-46

Lauschtert a liest déi 11. Oktavpriedegt vum Abbé Guy Diederich (23. Mee 2019)

Hiféierung

Leit, déi wäitsiichteg sinn, hu mer ze verstoe ginn, datt Glawen ouni weltwäit Solidaritéit net méiglech ass. Solidaritéit um globalen Niveau ass e Grondsteen an eisem „Glawensgebai“. Den Herrgott gären ze hunn an den Nächsten ewéi sech selwer, dat ass dem Jesus no de Kär vun eisem Glawen.

De Matthäus gëtt eis e Katalog vu Wierker vu Baarmhäerzegkeet. An eisem Ländche gëtt ganz villes an deem Sënn ënnerholl – Bravo!

Beim Feier vun der Notre-Dame zu Paräis huet d’Zomm vun de Spende gewisen, datt nach vill Potential do ass.

D’Trennung vu Kierch a Staat verlaangt vun eis nei Depensen, wéi brénge mir dat iwwer d’Ronnen, ouni datt déi Äermst vun den Aarmen dat ze spiere kréien?

Léiwen Här Äerzbëschof Jean-Claude,
Léif aner Frënn alleguer,

An deene leschten Deeg hate mir iwwert Villes rieds, wat zu Dengem a mengem Glawe gehéiert. Fëllementer fir en neit Glawensgebai. Vun engem Grondsteen hate mir nach net vill geschwat oder gelauschtert, an dofir gëtt et elo héich Zäit: dat ass eist Verhale vis-à-vis vu Matmënschen an Nout. E puer Gedanken iwwert Deng a meng Nächsteléift an iwwert Deelen.

Ech hat emol eng Kéier eng Karikatur gesinn, do koumen 2 Männer aus enger Kierch eraus an déi haten nach just hir Ënnerwäsch un, an do sot een zum aneren: “Esou eng gutt Priedegt iwwer Deelen a Matginn hunn ech awer och scho laang keng méi héieren!”

Esou kleng Geschichten, déi maachen eis frou, si loossen eis schmunzelen, an dat huet eppes mat „glécklech sinn“ ze dinn. Well wee vun eis wëllt net glécklech sinn? …?

Mir Mënschekanner sinn andauernd op der Sich no Gléck. Dat läit déif an eis dran, ech géing bal gäre soen: esou wéi mer hongreg an duschtereg ginn, grad esou huet eise Schöpfer eis den Honger oder d’Sich no Gléck an d’Gene geluecht.

An ech mengen, Dir wësst dat esou gutt ewéi ech och: d’Gléck, dat fënns de net am Zesummeschären an am Opkéipen, mee am Ausdeelen.

„Willst Du glücklich sein im Leben, trage bei zu anderer Glück,
denn die Freude, die wir geben, kehrt ins eigene Herz zurück.“

Ech ka mech erënneren, et war 2011, wéi s Du, Bëschof Jean-Claude, aus Japan erëm an d’Ländche koums: do soos Du, Du wärs verwonnert, datt d’Leit hei zu Lëtzebuerg esou vill iwwert hiert Geld géife schwätzen. An Du has Recht: am Zuch, am Bus, am Tram, wann s Du do engem Gespréich nolauschters, besonnesch wann et e Gespréich um Handy ass, do brauchs Du d’Oueren net emol ze spëtzen, well d’Leit do automatesch méi haart schwätzen; méi wéi all 2. Gespréich huet iergend eppes mat Suen ze dinn.

Dat ass awer näischt Neies, ech ka mer denken, dat war fréier och schonn esou an net nëmme bei räiche Leit.

Ech hu mer do esou eng Geschicht ausgeduecht: (Wat der elo héiert, dat kënnt derbäi eraus, wann ech meditéieren.) De Jesus souz bei Pharisäer a Schrëftgeléierten am banneschten Haff a si hunn diskutéiert. No e puer Pättercher Wäin vun de Golanhéichten gëtt d’Gespréich lieweg an et dréit sech, wéi kéint et anescht sinn, ëm d’Geld. De Botter ass ze deier, d’Stéieren ze héich an de Bénéfice ze kleng. Ee vun hinne beklot sech: et war bei him agebrach ginn a Gold a Suen a Sëlwergeschier ware geklaut ginn.

Wéi de Jesus dat alles nogelauschtert huet, do huet hien um deiere Mantel vun engem Pharisäer e Mattelach gesinn. Deen de Mantel unhat, wousst näischt dervun. De Jesus huet geschmunzelt, mam Fanger op d’Mattelach gewisen a sot: „Ma Frënn, sicht no engem Schatz, wou d’Matten net dru ginn, zum Beispill: Gewänner vun der Gerechtegkeet, a leet Äert Verméigen dohin, wou keen Abriecher dru kënnt, nämlech an d’Hänn vun deenen, déi et batter néideg sinn!“

„Wou däi Schatz (däi Verméigen) ass, do ass och däin Häerz!“ Wou ass mäin Häerz? Oder wou sollt et sinn? Dem Jesus no soll et beim Herrgott a beim Nächste sinn, dat ass d’Haaptgebot, besser gesot: d’Haaptwuert aus der Helleger Schrëft.

Mäi Verméigen, an dat ech investéieren, ass Gott an den Nächsten an awer och – dat net vergiessen! – mech selwer! Wéi kann ech den Herrgott an dem Matmënsch eppes schenken, wann ech mir selwer näischt vergënnen! Dat ass elo keen Egoïsmus. Egoïmus dat ass, wann ech nëmme mir eleng eppes vergënnen.

Duerfir maachen ech e klenge Bléck an eis Welt vun 2019: Ech hat emol eng Kéier e ganz sympatesche Mann aus dem Saargau, vun tëschent Wuermer a Saarburg, kannt, an dee sot: „Met der Aarmut en der Welt ës et och grad net eso schlimm, wie mir uuhs dat jed’Sonndig in deene Predigten aanhäre misse!“ Net nëmmen a Priedegten, op ganz vill Manéieren: iwwer klassesch a modern Kommunikatiounsmëttele gi mer mat dem Misère an der Welt konfrontéiert (a sief et och nëmmen duerch Heeschebréiwer an der Bréifboîte).

Bei der Zeitung kënne mer d’Blat ëmdréien (bei de Sport, dat ass net esou geféierlech), aner Medien dréie mer aus, mee, an enger Priedegt, wann s Du bis dra bass, do hat de Mann Recht: „dann musst Du Dir das aanhäre!“

De Mathäus huet eis dës wonnerbar Geriichtsried vum Jesus virugezielt, et ass mer, wéi wann hien dat gesot huet, fir datt déi ganz Konfrontatioun mam Misère an der Welt eis net erschléit oder lähmt, mee, hie sot eis, datt et een, oder esou guer e puer Ausweeër ginn. E Katalog mat 6 Wierker vun der Baarmhäerzegkeet. Si belaaschte kee vun eis, iwwerfuerderen eis net, mee si bréngen eis a Kontakt mat Christus selwer, deen hei d’Roll vum Kinnek huet.

Ënner eis gesot: déi éiweg a schwéier Fro, firwat den Herrgott esou vill Misère zouléisst, déi kann hei e klengen Ufank vun enger Äntwert fannen: „Well hie selwer dran ass!“ – „Esou wéi Dir mat deem Klengsten a Miserabelsten ëmgitt“, seet Christus, „esou gitt Dir mat mir ëm!“

Du an ech, mir dierfen eng Hand reechen, ouni Flicht derzou an ouni Loun derfir, einfach esou. An op eemol erkennen ech Christus am Vis-à-vis, Christus mat senger kinneklecher Dignitéit. Wann ech hëllefen, net eleng fir mäi Gewëssen ze berouegen, mee wann ech deem Nächsten, och deem aus Afrika, Syrien an Aserbaidschan, wéi engem Kinnek begéinen, da begéinen ech Christus.

Wa meng Hëllef hien net en éiwegen Heeschert si léisst, mee hien op eege Féiss stellt, da kënnt kinnekleg Dignitéit an d’Spill.

An eisem Land (an eisem räiche Land) an an eiser Kierch gëtt et ganz vill Organisatiounen, ONG’en, Fondatiounen oder A.s.b.l.en déi sech zur Aufgab gemaach hunn, ze hëllefen, do wou Misère ass, hei an eisem (räiche) Land an an der grousser Welt.

An der Kierch: Caritas, Reech eng Hand, partage.lu, Landjugend, C.S.I., O.T.M, Chrëschte mam Sahel, Ënnerdaach, etc. oder soss nach: d’Rout Kräiz, Rhana, Médecins a Pharmaciens sans frontières, etc. Dausende vu Bénévolë sinn doranner engagéiert, fir dem Matmënsch a kinneklecher Dignitéit ze begéinen. Dat ass immens a kee Mënsch kann all déi frou an zefridde Gesiichter zielen, déi all déi sozial an humanitär Aktiounen erméiglecht hunn. A mir kommen nach laang net zu Enn mat eisen Engagementer.

Fir Bommen a Granaten ze kafen hu mer nach ni mussen an der Kierch ophiewen, do waren nach ëmmer Suen do, mee wann alles kuerz a kleng geschloen ass, da verseet all Rüstungsindustrie, a mir sinn ugesprach, an deem Misère Christus ze begéinen, dem Heiland. Beim Feier an der Notre-Dame zu Paräis hu mir gemierkt, wat fir e Potenzial fir ze hëllefen an eiser Gesellschaft stécht.

An deenen Dierfer, wou ech zanter bal 30 Joer Geeschtleche sinn, do ënnerstetze mir zanter ganz laang, all Joer e Projet vun enger ONG, déi mer mat engem Group vu Bénévolen aussichen. (Dat geet alles op d’Initiative vum Här Paschtouer Jean Leyder zréck.) Mir probéieren net nëmmen duerch Done vu Geld a Wueren de Mënschen an de Krisegebidder ze begéinen, mee och esou gutt ewéi dat méiglech ass, perséinlech Kontakter ze knäppen an eis géigesäiteg ze beschenken. Mir schenken och eis Zäit, Opmierksamkeet, e gutt Wuert, an esouguer deele mer eise Glawen, oekumenesch an interreliés.

Do kommen heiansdo Situatiounen derbäi eraus, déi een esoubal net vergësst, mer waren dofir och scho selwer op Plaze gefuer, wann et net ze wäit ass, an de Kosovo an a Rumänien zum Beispill. Do hu mer vill Leit begéint, eng Kéier gouf eis Slibowitz a grousse Wäiglieser zervéiert a mat wäissem Fettespeck goufe mir „welcome“ geheescht.

An den Dierfer tëschent Musel a Syr hëllefe ganz vill Leit mat Donen: Veräiner, Privatleit, Kommiounskanner, Kanner gi liichten a klibberen, an deele Wäiwaasser aus, Concerten, Done bei Begriefnisser, Hochzäiten a Kanddaf, Gebuertsdeeg a vill aner Familljefeieren. An dat ass immens! Et weist mir, datt mer jo alleguer eng an déi selwecht Famill sinn, mat engem an deem selwechte Papp am Himmel.

Et kënnt do all Joer eng zolitt Zomm zesummen, mir ware schonn emol op iwwer 70.000,- € komm. Zanter 2 Joer gëtt dat awer elo méi kriddeleg. Mir mussen eis ëmmer méi arrangéiere mat Stëmmen, déi soen: mir an d’Kierchefabrike bräichten déi Suen elo selwer batternéideg. Et kascht eis deier, fir d’Kierchen am Wanter ze hëtzen an och all aner Depensen, déi soss net waren, gräifen d’Reserven an eis Ressourcen ekeleg un.

Ech sinn awer bis elo och nach virun iwwerzeecht, datt d’Trennung vu Kierch a Staat, d’Neiuerdnung vun de Finanze vun der Kierch, net um Bockel vun deenen Aarmen an der Welt geschéien dierf. Och wa mir an engem Joer bis zu 70.000,- € gespent hunn, dann huet – esou denken ech mir – nach kee Mënsch sech eppes liewenswichteges missen ofbriechen, kee Kascht, kee Gezei a kee waarmen Ënnerdaach. Mir dierfen all immens dankbar sinn, datt déi vill a gutt Hëllef nach meeschtens nëmmen aus eisem Iwwerfloss koum. Ech gleewen drun, datt eis Kierch an eisem gudden a räiche Land och nierwend humanitairen Hëllefsaktioune finanziell um Liewe bleift, ech gleewen, datt mer all kapabel sinn, den Aarmut an der Welt ze erkennen an him net aus de Féiss ze goen.

Fir eis awer och elo op e puer frou Gedanken ze bréngen, erzielen ech Iech nach eng ganz léif Geschicht: Ech hu virun 20 Joer eng léif Bomi kannt; si war am Hospice civil am Pafendall. Deemools (ech ka mer denken, et ass haut och nach net vill anescht), do war et an deem Hospice e Sport, fir all Saachen, déi op den Dësch koumen an déi net giess goufen, ze sammelen a mat op d’Kummer ze huelen: Reschter vum Iessen (et war jo bezuelt), Botter, Gebeess, etc.

Domat goufen dann am Pafendall bei der Uelzecht e ganzen Trapp wëll Kaze gefiddert. An da sot dës sympatesch Bomchen: „Wat d’Kaatze net frässen, dat kritt de Paschtouer vu Rued!“ Dat war jo ganz léif a lëschteg, mee am grousse-ganzen ass et net fir nozemaachen. An eiser kierchlecher Gemeinschaft wier et net am Jesus sengem Sënn, wa mer géinge soen: „Wat d’Heizung, d’Uergel an d’Kellëchverguldung an d’Botzen net friessen, dat kréien aarm Leit an der Welt.“

Ech trauen alle Verantwortlechen zou, datt Dir hëlleft, datt d’Trennung vu Kierch a Staat hei am Ländchen net op d’Käschte vun deenen Aarme geet, an ech soen am Numm vun alle Leit am Misère en häerzleche Merci fir all Effort.

Ech gleewen drun, datt mer eis vis-à-vis vun der „Armut in der Welt“ – si ass nach méi batter, wéi eng Priedegt si beschréiwe kann – datt mir eis esou verhalen, wéi den Herrgott sech eis géintiwwer verhält. Beim Jeremia steet, hie géif déi sichen, déi verluer sinn; déi ophuelen, déi verdriwwe sinn; déi verbannen, déi blesséiert sinn an di Schwaach kräftegen. An da seet de Prophéit nach eppes: nu passt gutt op: et steet do: hie géif déi Fett an déi Staark behidden.

Jo Här, bleif bei eis, mir si bei deene Fetten a Staarken, behitt eis, datt mer gutt bléiwen oder gutt ginn, datt eist Häerz ëmmer méi grouss ass ewéi eise Mo!

Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu