lb fr pt en
Priedegten  
21. Mee 2019

Bleif bei eis, datt mer eis Welt net ruinéieren / Gen 2, 4-15

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Abbé Guy Diederich (21. Mee 2019)

Hiféierung

D’Thema Ökologie huet a menger Virbereedung vill Leit beschäftegt. Zu de Fëllementer vun eisem Glawe gehéiert den Ëmgank mat der Schöpfung onbedéngt derzou.

Ech erzielen Iech vun engem extrae Gärtner, deen eis zweemol an der Helleger Schrëft begéint.

Meng an och all deenen anere Leit hir Gesondheet an d’Liewe vu Mënsch, Déier a Planz gi mech eppes un. De Schutz vum Klima an d’Chance, fir datt d’Generatiounen no eis, nach op dëser Welt liewe kënnen, läit an eisen Hänn. „Här, bleif bei eis – am Gaart vun der Schöpfung.“

Léiwen Här Äerzbëschof Jean-Claude,
Léif aner Frënn alleguer,

Di lescht Woch hate mir rieds, datt mer de Moment, wat eise Glawen an eis Kierch ugeet, an enger ganz kriddelecher Zäit sinn.

Et kënnt nach esou wäit, oder et ass scho laang esou wäit komm, datt eis kee Mënsch méi eescht hëlt, mat all eise Skandaler a Schwéngereien, déi mir eis geleescht hunn. Ech kommentéieren elo dat alles net hei, dofir gëtt et aner Plazen, wou Leit aktiv sinn, déi eppes ze soen hunn. Ech hunn näischt ze soen, just eppes ze verkënnegen, an do ass e groussen Ënnerscheed.

Verkënnegen, datt eis Glawensgemeinschaft sech nei erfannen oder sech nei opstelle muss, an dat mat deem ëmmerwärende Gebiet „Bleif bei eis! O Här!“ – et geet géint der Owend, mir wëllen näischt ënnerhuelen, ouni eis an däi Liicht ze stellen.

Sech nei erfannen, wéi de Limburger Bëschof seet, dat hate mer d’lescht Woch mat engem neie Kierchebau verglach, deelweis an de Ruinen an deelweis am Réibau, et ass näischt méi esou wéi et war, an et ass nach näischt esou, wéi et soll sinn, wa mer iwwerhaapt wëssen, wéi et soll sinn.

Mir hate probéiert, nei Fëllementer ze leeën, Jesus-Christus, d’Haaptfëllement vun eisem Glawen, „Bleif bei eis!“ Hie bleift, soss bräichten, soss kéinte mer näischt ze maachen. Mir haten d’lescht Woch och nach aner Fëllementer fonnt, déi nach gutt sinn, fir en neit Glawensgebai ze droen.

E gutt Wuert, Trouscht, Gebiet... Si musse vläicht erëm e bessen an den Niveau gesat ginn, mee op alle Fall musse mer si halen. „Lasset uns am Alten, sofern es gut ist, halten und auf dem alten Grund Neues bauen jede Stund.“ Dat steet iwwert der Paart vun engem ale Klouschter an der Äifel geschriwwen.

Datt et en Ënnerscheed tëschent Alem a Neiem gëtt, war eis bei der Sënd opgefall. „Fréier hu mer pünktlech d’Ouschtere gehal a mer hunn näischt derbäi fonnt, eise Knascht an d’Uelzecht ze kéieren.“

Den Ëmgank mat der Schöpfung, dat ass e Steen am Fëllement vun eisem Glawen, dee fréier zimlech verstoppt war, deem mer awer haut eng ganz extra Plaz dierfe ginn.

Ökologie an Erhale vun der Schöpfung, do wëll ech elo e bësse mat Iech nodenken. (Éierlech gesot: Ech hunn driwwer nogeduecht, fir elo hei e puer Saachen, nach laang net all, ze soen.) Wéi ech, och mat anere Leit, iwwert Ëmweltschutz nogeduecht hunn, do huet schonn direkt dat Wuert „Ëmwelt“ selwer e bësse gestéiert. Bei „Ëmwelt“, do mengs Du: Mir stinn an der Mëtt an alles anescht „ëm“ eis erëm. A wann d’„Ëmwelt“ zerstéiert gëtt, da geet et fir d’éischt fir déi, déi ronderëm eis sinn, an esou behuele mer eis meeschtens.

Als gleewege Mënsch virum Herrgott liewe mir an enger „Matwelt“, wou mir net den Zentrum sinn, net déijéineg, deenen alles gehéiert; mee eng Welt, wou mer mateneen eng Aufgab hunn.

Doheem zu Mënster hunn ech allerhand Klengdéieren, dat stoung jo och e Freideg an der Zeitung. Dir sidd jo och do gewuer ginn, datt ech e Gaart hunn. Et huet emol eng Kéier een zu mir gesot, wéi hie mäi Gaart gesinn huet: „A wat maacht Dir da mat all deem Geméis, ween ësst dann dee Kabes do alleguer?“ an do hunn ech di Persoun berouegt a sot: „Fäert net, ech huelen en net fir an d’Priedegten!“ Ech hoffen, datt Dir no der Oktav alleguer nach weider dovun iwwerzeegt sidd.

Mee, dat soen ech Iech elo, wéi ech dës Priedegt virbereet hunn (Enn Mäerz), do hat ech deen Dag mueres Kabes a menger Kautsch geséint. Schéin ënner Glas, hannerwands op enger waarmer Plaz, datt him näischt geschitt.

E Gäertner! 2 Mol, op 2 ganz wichtege Plazen an der Bibel, kënnt e Gäertner an d’Spill. Op 2 Plazen, wou eppes total Neies ufänkt. Déi allerwäitesten Erënnerung, oder deen déifste Bléck an d’Welt, dee mir Mënschen amstand sinn, gëtt eis am Schöpfungsberiicht erzielt (Adam an Eva am Paradäis). Ganz am Ufank huet den Herrgott e Gaart ugeluecht, op enger Plaz, déi „Eden“ genannt gëtt. Een, dee sech an der hebräescher Sprooch auskennt, huet et mat „Üppigland“ iwwersat. E gutt Land, e schéine Gaart!

Fir d’zweet ass de Gäernter bei grad esou engem wichtege Moment derbäi: et war, wéi d’Marie-Madeleine op Ouschtermoien den operstanene Jesus mam Gäertner verwiesselt. D’Operstéiung, wou de Jesus vum Doud zum Liewen erstan ass, dat war just d’selwecht ewéi d’Schöpfung, an engem Gaart geschitt.

E Gaart ass e Stéck Natur, wat extra gutt behitt ass, mat enger Mauer oder engem Zonk ronderëm oder hannerwands duerch eng Heck. De Gaart ass dat Stéck Natur, wou mer eis am meeschten drëm suergen, et ass alles ganz iwwersiichtlech, net esou grouss, wéi an der Gewan. De Gaart ass dat Stéck Natur, wou och kriddeleg Plänzercher wuessen, well de Gäertner oppasst, datt si net erdréckt ginn an och net erkalen.

Den Herrgott huet d’Mënschen, Dech a mech, an e Gaart gesat, net an eng Wëldnes. Du dierfs liewen, wéi an engem schéine Gaart, e bessen hannerwands, geschützt, an awer och als Gäertner (nom Bild vum Herrgott) mat enger grousser Suerg fir alles, wat dran ass.

„…und er setzte ihn in den Garten, ihn zu bedienen und zu behüten“ – dat steet am 2. Schöpfungsberiicht, an an deem anere steet: „Bevölkert die Erde und macht sie euch untertan.“ Dat heescht dat selwecht. „Untertan machen“ heescht net ausraiberen oder futti goe loossen, mee mat guddem Mutt, frou a gudder Deng dran an dervu liewen. An der Schöpfung liewen an vun der Schöpfung liewen, deemools (et ass schonns ganz lang hier), elo, an och nach an 1000 oder an 10.000 Joer. Dat hat den Herrgott mat eis vir.

Mir ginn zanter 200 Joer net ganz gutt mat der Schöpfung ëm, obscho mer matzen dra liewen. Ech zielen elo net alles op, wat net klappt, Dir wësst dat grad esou wéi ech. Hei just e Beispill: deslescht hate Fëscher am Mier en Haifësch agefangen, en huet sech liicht fänke gelooss a war guer net äerdeg. A wéi si hie geschluecht haten an opgeschnidden, do hu si 15 Kilo Plastik a sengem Mo fonnt!

„…und er setzte ihn in den Garten, ihn zu bedienen und zu behüten“ – ech géif och nach derbäi schreiwen: „…und sich an ihm zu erfreuen.“ Wat ass dach d’Natur, eis Matwelt, eppes wonnerschéines, elo am Mee, am Bësch, an der Gewan an am Gaart.

„…und er setzte ihn in den Garten, ihn zu bedienen und zu behüten“ – einfach wonnerbar!
De Merci fir esou e wonnerbaart Geschenk, dat ass op d’mannst, datt mer et versuergen. Kommt mer bleiwe beim Plastik: d’Matwelt ze versuergen heescht do, es esou mann ewéi méiglech gebrauchen, a wann et muss sinn, en da mat Verantwortung ze entsuergen.

Zejoert um Weltgebietsdag vun de Fraen, do sinn d’Fraen aus dem Surinam (dat läit a Südamerika) virgestallt ginn. Déi hunn a Bauxitexploitatioune geschafft. Bauxit ass dat, wouraus den Aluminium gemaach gëtt. Do hu se eis gesot, datt, wa mer wierklech géinge wëssen, wéi dofir d’Natur zerstéiert gëtt an d’Leit, déi do schaffen, verhonzt ginn, da géife mer vill besser oppassen, wéivill Alufolie (Sëlwerpabeier) mir géife brauchen, och wann déi hei bei eis ganz bëlleg ass.

Mir hunn hei an eiser westlecher Welt Sue genuch an der Täsch fir all déi Saachen: Energie, Waasser, Gas a besonnesch Gezei a Liewensmëttel, vun déier Säit vun der Welt, bëlleg ze kafen. Dowéinst vergiesse mer eis Responsabilitéit. „Et kascht jo näischt, dann deet et och näischt!“ Kommt, léif Frënn, mer vergiessen net, datt vill bëlleg Saachen anere Mënschen d’Gesondheet kascht, an de Generatiounen no eis, d’Liewen.

Wann ech Geméis am Gaart zillen, Klengdéierefleesch oder Eeër, an dat kënnt op den Dësch, dann ass dat vill méi deier, wéi wann ech et am Buttek (esouguer am Biobuttek) kafen. Do stellen ech mer dann d’Fro: „Wat huet all déi Aarbecht dann e Wäert? Ech muss derfir schaffen an ech leeën nach Sue bäi.“

Léif Frënn, mat dëser Fro sinn ech erëm beim Fëllement vu mengem Glawen ukomm. Et geet esouguer elo net méi duer, datt ech, wéi den Herrgott sot, bedéngen a behidden, mir alleguer sinn esou wäit, datt mer flécke mussen, do, wou et nach net ze spéit ass. Ech kréien nëmme gefléckt, behidd a bedéngt, wann ech a Kaf huelen, datt et méi deier gëtt, wéi bis elo. An nach vill, vill besser ass et, wann ech de Präis guer net a Betracht zéien.

Ech dierf vis-à-vis vun der Schöpfung eng Geschenkkultur opbauen (umsonst habt ihr empfangen, umsonst sollt ihr geben!). Dat ass eppes Grousses, eppes Schéines, et ass esouguer eppes Revolutionaires, wann ech verstinn, datt et eppes Guddes ass, och wann ech keen direkte Benefice dervun hunn. Ech verdéngen dee Moment näischt, mee ech schenken deenen, déi elo do sinn an deenen, déi nokommen d’Chance fir ze liewen.

Esou wéi d’Blutspenden net bezuelt gëtt, esou ass alles wat d’Liewen an Zukunft ugeet esou wäertvoll, datt et kee Präis huet: et kann nëmmen an enger Geschenkkultur geschéien. Wann och nëmmen ee Benefice draus zéie wëllt, een eenzelnen, eng Natioun oder e Konzern, dann ass d’Saach vun Ufank u verluer.

Ass dat dann net immens, wann hei am Land Veräiner am Fréijoer grouss Botz maachen an tonneweis Knascht laanscht d’Strossen an d’Baachen oprafen, als Benevolat, Geschenkkultur? Et wier jo nach vill méi immens, wa si kee Knascht méi fanne géifen! BRAVO fir si all!

Mir wëssen all scho laang wourëm et geet. Hei nach e puer Iddien, fir eis ze errënneren, datt et am Klengen ugeet, wou s Du an ech mathëllefe kënnen:

  • am Gaart: „mehr hacken als mähen!“
  • investéieren a Projeten, déi der Matwelt notzen,
  • nohalteg Landwirtschaft,
  • energiebewosst Bauen,
  • Bescheidenheet am Reesen an am Energieverbrauch,
  • fair produzéiert a fair gehandelt Saache kafen: Gezei a Liewensmëttel, a well si méi deier sinn, geheie mer se vum selwen net esou séier ewech,
  • net all Kummeren am Haus bis hannenhin hëtzen,
  • d’Luchten ausmaachen, wa keen do ass,

Wat nach? Ech kéint nach 2 Deeg laang opzielen, mee ech gleewen un Är Fantasie, un Äre gudde Wëllen an Är Suerg.

„Gott setzte den Menschen in einen Garten, ihn zu bedienen und zu behüten!“

An Indien souze viru ville Joren, den Nehru an de Ghandi op enger Terrass fir ze diskutéieren. Op engem Dëschelchen hat jidderee vun hinnen e Glas Waasser stoen. Duerch en Ongeschéck gouf dem Nehru säi Waasser ausgeschott. Do sot de Ghandi: „Hei, huel der frësches, et ass jo genuch do!“ an de Nehru huet geäntwert: „Ech huelen elo keen neit, well och am Iwwerfloss hunn ech kee Recht ze verbëtzen!“ – Dat si Leit, gell Dir!

Zum Schluss erënneren ech déi, déi a mengem Alter sinn an e bësse méi al, un e Liesstéck aus der Schoul. Déi méi jonk dierfen awer och lauschteren, e ganz schéint Bild:

„Der Faden nach oben!“ – An der Natur ass e Spaweck eppes Appaartes, Besonnesches, wann den Da mueres dra pärelt, e Bijou, wéi d’ganz Schöpfung. D’Spannemamm geet all mueres inspizéieren, ob d’Fiedem nach fest a gespaant sinn. Op eemol kënnt si bei e Fuedem, deen an eng aner Richtung geet, riicht no uewen. „A wat mécht dann dee blöde Fuedem hei, deen hënnert jo!“ sot d’Spann an huet en duerchgebass. A jupsdeg ass de ganze Spaweck zesummegetrollt, op de Buedem, an d’Spann ass am eegenen Netz erstéckt. „Der Faden nach oben“ – deen huet dat ganzt Netz ugehal.

„Der Faden nach oben“ – dat ass meng an Deng Verbindung zu deem, dee mer d’Aufgab gouf, op de Gaart „Eden“ opzepassen, vun him ze liewen an hien ze behidden.

„Bleif bei eis, Här, am Gaart vun der Schöpfung!“

Spiert Dir e bëssen, wéi frou dës Gedanken eis kënne maachen? Si sinn en neit Stéck Fëllement fir eng glafwierdeg Glawensgemeinscht.

Laudato si – Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu