lb fr pt en
Priedegten  
14. Mee 2019

Bleif bei eis, schenk eis Trouscht! / Jes 66, 10-14c

Liest a lauschtert déi 2. Oktavpriedegt vum Abbé Guy Diederich (14. Mee 2019)

Hiféierung

Nodeems mir gëschter schonns iwwert e gutt an e ganz gutt Wuert héieren haten, bleiwe mir och haut nach bei deem Thema. E gutt Wuert gëtt eis e gutt Gefill, virun allem, wann et eis seet, mir wieren net eleng gelooss. Den Herrgott garantéiert mat sengem Numm, datt Hie kee vun eis eleng léisst. Dat ass en Trouscht fir eis. Du kanns bieden: „Bleif bei eis a schenk eis Trouscht!“, mee wat ass dat fir een, deen Dech tréischt? Tréischt Hien Dech nëmmen, wanns Du traureg bass oder gëtt et nach méi?

Perfekt Äntwerten op dës Froe kann ech keng ginn, d’Priedegt vun haut soll Dir e puer Gedanken op Dengem Glawenswee ginn, fir Dir ze hëllefen, eng Etapp virun ze kommen.

Léiwen Här Äerzbëschof Jean-Claude,
Léif aner Frënn alleguer,

Wéi ech nach an d’Schoul gaange sinn, viru bal 50 Joer, do hate mir e Professer an der Geschicht, deen huet all Stonn mat deem selwechte Saz ugefaangen: „Nous disions donc la fois dernière que : …!“

Déi leschte Kéier hate mir hei riets iwwert e gutt Wuert, eent, wat eis frou mécht: de Numm vun all Mënsch ass e gutt Wuert, well all eenzelne Mënsch kapabel ass, fir vill Guddes ze maachen. Awer nach vill méi e gutt Wuert wéi dat, ass dem Herrgott säin Numm: „Jahwe: Ech sinn deen, deen do ass!“ Et ass en immenst Gefill ze wëssen, datt een do ass. Et ass kee vun eis gären eleng gelooss.

Wann den Herrgottsnumm „Ech sinn deen, deen do ass“ dat beschte Wuert ass, wat d’Mënschheet bis elo krut, da kommt mer loossen dat elo emol net am eidele Raum stoen: Ech probéiere mat Iech e bësse vun deem „Ech sinn deen, deen do ass“ (de Jahwe) ze schwätzen a vläicht och ze iwwerleeën, wat dat Gefill: „ze wëssen, datt hien do ass“, esou immens mécht.

Am Ufank erzielen ech Iech awer fir d’éischt ëppes fir ze schmunzelen: Ech weess net, ob Dir alleguer d’accord mat mir sidd, wann ech elo op dëser „ehrwürdeger“ Plaz eppes Lëschteges erzielen… Mee wéi den Angelo Roncalli 1958 Poopst Johannes XXIII. gi war, do hunn deen Dag drop e puer Bëscheef oder Kardineel, déi nach zu Roum waren, d’Schwäitzer Gardiste gefrot: „Sot emol, wéi ass deen neie Poopst, wat seet en?“ An do huet de Gardist geäntwert: „Eigenartig, er erzählt Witze!“ Si ware bis elo un deen eeschte Poopst Pius XII. gewinnt an hei kënnt dann een, deen erzielt hinne schonn den éischten Dag e puer Witzer.

Ech erzielen Iech och elo een, esouguer ee vun engem Poopst: De Poopst hat vum Herrgott gedreemt an huet an engem Dikasterium (enger Kardinalversammlung) de Kardineel dovun erzielt. Ier déi wësse wollten, wat den Herrgott da gesot hätt, hu si de Poopst fir d’éischt gefroot, wéi den Herrgott dann ausgeséich. Dunn huet de Poopst geäntwert: „Ech soen Iech et just, wann Dir mir verspriecht et kengem weider ze soen!“ Si hunn et versprach. „Sot Dir et wierklech kengem virun?“ „Nee, mir verspriechen, mir soen näischt!“ De Poopst huet e bësse gezeckt, well hie wosst hoergenee, datt si et hannen um Enn awer dorëmmer erziele géifen, an do sot hien: „Si ass schwaarz!“

De Witz ass eriwwer. Hie wëllt net eng Rass oder e Geschlecht Mënsch vis-à-vis vun anere besser oder manner gutt duerstellen, mee hie soll eis op de Gedanke bréngen, ze froen, firwat mir eis an eise Käpp den Herrgott als en ale Mann mat wäissem Baart virstellen.

„Du solls Dir kee Bild vu Gott maachen!“ steet et an der Bibel, well all Bild vu Gott muss, vis-à-vis vun deem, dee seet: „Ech sinn deen, deen ech sinn!“ oder: „Ech sinn deen, deen do ass!“ eng lächerlech Karikatur bleiwen.

Een ale Mann mat engem groe Baart, dat sinn ech, net den Herrgott!

An deenen éischte Jorhonnerten hunn d’Chrëschten den Herrgott net gemoolt, net geschnëtzt an net duergestallt. Mat der Zäit hu si sech vum Juddentum distanzéiert an hunn ugefaangen, probéiert, Gott duerzestellen.

Well de Jesus vum Papp am Himmel geschwat huet, dofir gouf hien als Mann gezeechent, a well et dëse Papp am Himmel schonn zanter éiweg gëtt, muss dee jo steenal sinn. Also e Pätter mat engem laange Baart. An et gëtt nach méi traureg: Gott ass de Leit als strenge Papp, als rosene Kärel oder wéi e Schoulmeeschter, e Surveillant oder e Gendaarm virkomm, als een, bei deem ee sech hannerwands hält.

Schluss mat deenen Topegkeeten! Kommt, mir froen eis emol: „Wéi hat de Jesus dat da wierklech gesot?“ Als éischt huet de Jesus den Herrgott „Abba“ genannt, an dat heescht bei eis: „Papa“ a bei „Papa“ do stellen ech mir e jonke Mann vir! Hei an der Stad soen d’Leit „mäi Papa“, um Land an am Minett gëtt awer nëmme gesot „mäi Papp“. „Komm bei de Papp“ sot mäi Papp, wann hien eis op sengem Knéi sëtze gelooss huet. Wéi sot Dir et?

Ech a vill anerer mussen nach e Stéck Wee am Glawe maachen, fir vum „Gott-Papp“ zum „Gott-Papa“ ze kommen. „Am Numm vum Papa a vum Jong…“ – do misst ee sech nach dru winnen. Mee et huet net vill Wert hei bei „Gott-Papa“ stoen ze bleiwen, et geet virun.

De Jesus seet, hei wier e baarmhäerzege Papa, esou wéi et och am Alen Testament ganz dack geschriwwen ass. Mat dësem Wuert „baarmhäerzeg“, léif Frënn, do komme mer erëm hannescht an de Gedanke vum Poopst sengem Dram → „Si ass schwaarz“.

Wann de Jesus a senger Sprooch, déi hie geschwat huet (op aramäesch), dat Wuert „baarmhäerzeg“ sot, dann hunn deemools d’Leit dat direkt verstanen: „baarmhäerzeg“, dat ass esou, wéi eng gutt Mamm ass. Op däitsch: „voll Mütterlichkeit“. Mir hu kee Wuert an eiser Sprooch, kommt mir soen: „esou, wéi eng gutt Mamm“.

Jahwe, „ech sinn deen, deen do ass!“ e gudde Papp an eng gutt Mamm, dat ass säin Numm, an ech gleewen, esou ass Hien och.

Et steet jo geschriwwen, wéi de Mënsch erschafe gouf: „Op säi Bild hin huet hien en erschafen, als Mann a Fra huet hie si erschafen. Am Bild vu Gott ass Mann a Fra, Papa a Mamma.“

Dat hat 1978 de Poopst Jean-Paul I. scho gesot: „Gott ass Papp an nach vill méi ass hie Mamm.“ Dee Poopst hat an deenen 33 Deeg net vill ze soe kritt, mee, dat hei war schonn immens. Zanterhier hunn ech mech ganz vill mat dësem Gedanke beschäftegt an ech mengen, aner Leit och.

„Den Herrgott ass deen, deen do ass, hien ass ewéi e gudde Papp an eng gutt Mamm.“

Spiert Dir net, datt dat och e gutt Wuert ass? Et soll Dir op alle Fall gutt doen an Dech frou maachen: „Den Herrgott ass e gudde Papp an eng gutt Mamm!“

An elo komme mer scho bei dat nächst gutt Wuert, dat ass den Trouscht. Elo grad war eis e Stéck aus dem leschte Kapitel aus dem Prophéit Jesaia sengem Buch gelies ginn: „Wéi eng Mamm hiert Kand tréischt, esou well ech Iech tréischten“ an och nach „Dir dierft Iech sat drénken un hirer Broscht, déi Trouscht gëtt.“

Den Trouscht, léif Frënn, deen ass net nëmme fir déi, déi kräischen, mee mir alleguer dierfen an all Situatioun vum Liewen Trouscht fannen, also och dann, wa mer net zu deene „Betrübten“ gehéieren. Trouscht ass keng Vertréischtung, nom Motto: „Elo vergëss Du dat alles, wat wéi deet, an dann ass et erëm gutt!“ – oder – „Kräisch net, d’Liewe muss viru goen, Du kanns do net dorun hänke bleiwen, – nom Reen schéngt geschwënn erëm d’Sonn!“ Dat ass Vertréischtung, wann ech dat maachen, do brauch ech keen Engagement, do brauch ech net mat ze kräischen.

Richtegen Trouscht läit an deem Bild vum Kand un der Mamm hirer Broscht. Et kräischt zwar, well et hongreg ass, mee et kritt vill méi ewéi Mëllech, d’Kand un der Broscht kritt Gebuergenheet, mënschlech Wärmt, e gutt Wuert, vläicht och e Liddchen an et héiert de gewinntene Rhythmus vun der Mamm hirem Häerz.

Dat ass d’Gefill, wat den Herrgott Dir a mir schenkt, well: „Ech sinn deen, deen do ass“ esou heescht hien, esou ass hien – dat ass Trouscht!

„Er tröstet uns in aller Bedrängnis – an nach vill méi: Trouscht ass d’Gefill, datt Gott zu sengem Numm steet: Ech sinn deen, deen do ass!“. An dat an all Situatioun: „Ob Dir bedréift sidd oder lëschteg, en deet seng Pflicht zu jidder Stonn!“

„Trouscht“, léif Frënn, dat ass e gutt Wuert. „Tréischterin am Leed“, dat ass e gutt Wuert an dann: „Trouscht, och an der Freed ze spieren“, do si mer da bei deem ukomm, wat mat dat Schéinst ass.

Zum Schluss nach just dat hei: Fréier gouf vun deenen Doudege gesot: „Gott tréischt en an der Éiwegkeet.“ (Um Staminet beim Pier Kréimer gouf sonndes owes ëmmer vum Monni Flëpp getréischt geschwat.)

Mengt Dir dann, den Herrgott an der Éiwegkeet géif eis doriwwer ewech tréischten, well mer gestuerwe sinn oder well mer et am Liewe schwéier haten? Ech gleewen u vill méi, wéi eng Belounung: et ass den Trouscht vu sengem „Do-sinn“. Elo net méi am Glawen, mee am Gesinn. „Ech sinn deen, deen do ass, op der Äerd an am Himmel!“

„Bleif bei eis!“ ass eist Gebiet, „ech sinn do – als Mamm oder Papp“: dat ass säin Trouscht.

A wann am Witz de Poopst si als schwaarz gesinn huet, da kanns Du dobäi (ouni Witz) un d’Schéinheet vum Herrgott denken. Och eis Gottesmamm am Stadgronn ass schwaarz an dofir ganz schéin. Eis Tréischterin war virun e puer Joer och vun Alter bal schwaarz am Gesiicht. Ech muss soen, si huet mer gutt gefall. „Schwarz bin ich und doch schön.‘“→ Hohelied A.T.

Nach eng Kéier: Déi gutt Wierder, huelt se mat heem. „Gott ass deen, deen do ass.“ „Hien ass ewéi e gudde Papp an eng gutt Mamm“, an „Hien ass méi schéin, ewéi mir eis et virstelle kënnen.“

All Bild vun him ass just eng Karikatur.

Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu