lb fr pt en
Priedegten 2021  
29. Abrëll 2021

Begéinung, déi d’Familljeliewe stéiert

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Milly Hellers (29. Abrëll 2021)

Aus dem heiligen Evangelium nach Markus (1,29-31)

Sie verließen sogleich die Synagoge und gingen zusammen mit Jakobus und Johannes in das Haus des Simon und Andreas.

Die Schwiegermutter des Simon lag mit Fieber im Bett. Sie sprachen sogleich mit Jesus über sie und er ging zu ihr, fasste sie an der Hand und richtete sie auf.

Da wich das Fieber von ihr und sie diente ihnen.

Léiwen Här Äerzbeschof / Weibëschof, léif Kolleegen a Kolleeginnen,
léif Leit alleguer, hei an der Kathedral an déi dir doheem iwwert de Fernsee oder Internet mat äis verbonne sidd,

D’Thema vun dëser 4. Usprooch ass „Op eemol war alles anescht – Begéinung, déi d’Familljeliewe stéiert“.

Beim Gebiet mat dësem Bibeltext vum Péitrus senger kranker Schwéiermamm, ass mir nei bewosst ginn, wéi staark dem Péitrus seng Famill vum Jesus senger Presenz op d’Kopp gehäit gouf.

E puer Wuert zum biblesche Kontext. Mir sinn am Ufank vum Jesus sengem ëffentleche Liewen. De Jesus ass vum Johannes den Deefer am Jordan gedeeft ginn. No 40 Deeg Wüstenerfarung rifft hien di éischt Jünger a seng Nofolleg. Dat sinn 2 Fëscherbridder, den Andreas an de Simon. Si waren am gaangen hir Netzer auszewerfen. Du koum de Jesus an huet si a seng Nofolleg geruff.

Duerno huet de Jesus och de Jakobus an de Johannes geruff. Di zwee Bridder waren am gaangen um Séi mat hirem Papp zesummen d’Netzer ze botzen. Nom Jesus senger Invitatioun „Kommt mir no – ech wäert aus Iech Mënschefëscher maachen.“ loossen och si d’Netzer, d’Booter – an – och hire Papp!! um Séi stoen a ginn dem Jesus no.

Dat ass schon eng hefteg Szeen – setze mir eis an d’Plaz vum Zebedäus, dem Papp vun deenen zwee erwuessene Männer.

Duerno geet de Jesus mat hinnen op Kapharnaum an d’Synagog. Do heelt hie viru versammelter Gemeinschaft ee kranke Mann.

De Péitrus war Fëscher an huet mat dëser Aarbecht seng Famill erniert. Warscheinlech hate si och Kanner, an och d’Schwéiermamm, villäicht war si Wittfra, huet bei der jonker Famill am Stot gewunnt.

Dozou ass et gutt méiglech, dass si di aner zwee Bridder, de Jakobus an de Johannes, déi de Jesus och geruff, an déi doropshin hire Papp mat den Netzer an de Booter um Séi zréck gelooss hunn, kannt huet. Dat alles wäert alt sécher deemools fir munch Kommentaren an den Dierfer ronderëm de Séi gesuergt hunn.

Ech erlabe mir hei eng kleng Klammer: De Simon – deen de Jesus duerno Péitrus, de Fiels, genannt huet – war bestuet. Dat gëtt an den dräi synopteschen Evangelien just an dësem Passage ernimmt.

Dass de Péitrus bestuet war, huet de Jesus net dru gehënnert fir hien a seng Nofolleg ze ruffen – dozou nach als éischten Apostel, den éischte Poopst. Dem Evangelium entspriechend si Bestiednes an Apostelsinn also kompatibel. D’Léift an der Koppel kann also net eng Konkurrenz zur Léift zum Jesus sinn.

Dozou liese mir och am Korintherbréif, dass de Péitrus (grad ewéi di aner Apostelen) op senge Missiounsreese vu senger Frau begleet gouf. Da war si dach bestëmmt mam Péitrus sengem Choix averstanen – soss wier si jo net mat him gaangen, mee éischter doheem bliwwen…

Um Hannergrond vun all deem kënne mir eis villäicht ee Moment an d’Gefillswelt vum Péitrus senger Schwéiermamm eran denken.

Dass si sech Suerge mécht, well de Jesus hiren Eedem a seng Nofolleg geruff huet, a sech freet, wat dann elo mat der Famill, mat hiren Enkelkanner – an och mat hir selwer soll geschéien…? Dat ass alles méi wi verständlech.

Mat sengem Ruff zur Nofolleg huet de Jesus hiren Alldag zu déifst gestéiert – a villäicht och Existenzängschten erwächt. Esou existenziell an emotional Suergen kenne krank maachen. Nom Motto „Wenn die Seele leidet, wird der Körper krank.“

Zréck zum Bibeltext. Di 4 Männer ware mam Jesus an der Synagog. Duerno gi si zesumme bei de Péitrus an den Andreas heem. D’Schwéiermamm huet Féiwer a läit am Bett. An dann?

Di 4 Jünger soen dem Jesus dat a féieren hie bei di krank Fra. Si maachen d’Dier op, fir dass d’Schwéiermamm mam Jesus kann a Relatioun kommen – an dat mat ganz einfache Wierder a Gesten an enger Gesellschaft, wou hien – entspriechend der deemoleger Kultur – di krank Fra warscheinlech net hätt dierfen upaken.

Awer de Jesus verschléisst sech deem net, fir eng Frau um Krankebett ze besichen. Hie geet bei si. Wat si matenee geschwat hunn, dovu steet näischt an der Bibel. Et gëtt just festgehalen, dass hie si beréiert – an opgeriicht huet.

Haten am Ufank d’Gerüchter iwwert de Jesus, an och hir eegen Existenzängschten, si reegelrecht krank gemaach, esou huet duerno dee perséinleche Kontakt mat HIM si geheelt an opgeriicht. Si konnt hir Ängschte lassloossen, dem Jesus vertrauen – Och si konnt „JO“ soen.

An nodeems si geheelt war, huet och si sech an dem Jesus säin Déngscht gestallt.

Och mir selwer hu villäicht schonn änlech Erfarunge gemaach, dass ee Member vun der Famill op eemol Weeër ageschloen huet (schoulesch, berufflech, relationell…), déi dat ganzt Fmilljeliewen, wann net esou guer di ganz Existenz op d’Kopp gehäit hunn.

Oder villäicht kenne mir selwer och Mënschen, deenen hiert Familljeliewen, duerch d’Nofolleg vum Jesus, an di reliéis Praxis vum Glawen, op eemol perturbéiert gouf a gëtt.

Eis ass et jo haut net méi gegonnt, dem Jesus presentiel face à face perséinlech ze begéinen. Mee mir kënnen him awer, wéi di éischt Jünger dat gemaach hunn, dës Mënschen an eisem Gebiet uvertrauen – an de Jesus esou mat eisem Gebiet bei di Persoune féieren.

An engem Moment vu Stëllt wëlle mir dat maachen.

Stëllt, Uergelmusek

Helleg Maria, Gottesmamm, biet fir eis Sënner, elo an an der Stonn vun eisem Doud. Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu