lb fr pt en
Priedegten 2021  
1. Mee 2021

Begéinung, déi Konzepter a Reegele verännert

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Milly Hellers (1. Mee 2021)

Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus (15,21-28)

Jesus zog sich in das Gebiet von Tyrus und Sidon zurück.

Da kam eine kanaanäische Frau aus jener Gegend zu ihm und rief: Hab Erbarmen mit mir, Herr, du Sohn Davids! Meine Tochter wird von einem Dämon gequält.

Jesus aber gab ihr keine Antwort. Da traten seine Jünger zu ihm und baten: Befrei sie (von ihrer Sorge), denn sie schreit hinter uns her.

Er antwortete: Ich bin nur zu den verlorenen Schafen des Hauses Israel gesandt. Doch die Frau kam, fiel vor ihm nieder und sagte: Herr, hilf mir!

Er erwiderte: Es ist nicht recht, das Brot den Kindern wegzunehmen und den Hunden vorzuwerfen.

Da entgegnete sie: Ja, du hast recht, Herr! Aber selbst die Hunde bekommen von den Brotresten, die vom Tisch ihrer Herren fallen.

Darauf antwortete ihr Jesus: Frau, dein Glaube ist groß. Was du willst, soll geschehen. Und von dieser Stunde an war ihre Tochter geheilt.

Léiwen Här Äerzbeschof / Weibëschof, léif Kolleegen a Kolleeginnen,
léif Leit alleguer, hei an der Kathedral an déi dir doheem iwwert de Fernsee oder Internet mat äis verbonne sidd,

D’Thema vun haut ass „Begéinung, déi Konzepter a Reegele verännert“.

Muncheree vun eis war – oder ass krank. Mat Krankheet liewen, akzeptéieren, dass d’Gesondheet ofhëlt – dat ass eng grouss Etapp am Liewen. Seng eegen oder enger Persoun, di eis nosteeet seng Fragilitéit esou ze erfueren, verännert munchmol och eis selwer – eis Iwwerzeegungen.

Déi, ënnert eis di Kanner – oder Enkelkanner hunn, wëssen – wéi et engem als Mamm – oder Papp geet, wann ee Kand eescht krank ass.

Dat eegent Kand musse gesi leiden, dat ass fir Eltere sécher dat schwéierst, wat et gëtt. Vun den Héichten an Déiften, déi dës Eltere glaawensméisseg erliewen, guer net ze schwätzen. Firwat léisst den Härgott dat zou, firwat muss eist Kand esou leiden?

Mir kenne villäicht och betraffen Elteren – oder hunn et selwer erlieft – déi Himmel an Äerd beweegt hunn, fir dass dem Kand konnt gehollef ginn. Dokteschconsultatiounen a gogo, Kliniksopenthalter zu Lëtzebuerg, zu Bréissel, zu Paräis oder Stroossbuerg, alles schwiereg, komplizéiert a käschtenopwenneg – egal! Haaptsaach et kann dem Kand gehollef ginn.

Am Evangelium vun haut begéine mir enger Mamm mat hirem schwéier kranke Kand. Dësen Text ass guer net einfach, well mir begéinen hei dem Jesus mat Wierder a Reaktiounen, déi schwéier verständlech sinn.

Ier mer zum Text selwer kommen, awer e puer Wuert zum biblesche Kontext. De Jesus war mat senge Jünger a Jüngerinnen um Séi Genesareth a Galiläa. Do hat hien hefteg Diskussioune mat de Pharisäer a Schreifgesécherten, déi him reprochéiert hunn, dass seng Leit sech net géifen un di reliéis Gesetzer halen. Och dem Jesus seng Jünger hunn hien net verstanen. De Péitrus stellt hien zur Rieds a seet: „Erklär eis, wat s Du hei méchs…“ Stelle mir eis den Toun an d’Situatioun vir – fir de Jesus bestëmmt Stress pur.

Duerno gi si vum Séi Genesareth fort a Richtung Mëttelmier, dem heitege Libanon, ± 150 km iwwer Bierg an Dall. D’Leit aus dëser Géigend vu Sidon ware fir d’Israelitte verruff, well si Heede waren. Tëschent deenen 2 Kulturgemeinschafte war kaum Kommunikatioun.

De Jesus kënnt mat senge Frënn do un – ass warscheinlech midd an och zimmlech genervt. Do kënnt eng Fra aus Kananäa bei hien a seet: „Här…, hief Erbaarme mat mir! Meng Duechter gëtt vun engem Dämon gepisakt.“ Dem Jesus seng Reaktioun – um Hannergrond vun der Virgeschicht – ass mënschlech, awer trotzdeem ganz erstaunlech. Hien ignoréiert di jonk Mamm an äntwert hir net. Dat deet wéi!

Di Frau muss esou insistéiert hunn, dass dem Jesus seng Jünger, déi dees Gebierels midd waren, an hir Rou wollten hunn, schliisslech zu him soen: „Dann hëllef der Fra dach, dass si ophält hei ronderëm ze blären.“ Och do ass dem Jesus seng Reaktioun méi wéi erstaunlech. Hie schwätzt mat de Jünger, awer net mat der Mamm vum Kand. Hie seet zu hinnen: „Ech si geschéckt bei di verluere Schof aus dem Haus Israel.“

Och dëst ass eng Äntwert, déi schwéier novollzéibar ass. Sinn dann dat krankt Kand a seng Mamm net och Kanner vum Härgott? Sinn net och si vum Härgott gewollt a geschafen?

Wat hätte mir an der Plaz vun där Mamm gemaach? Opginn? Oder wiere mir aus der Këscht gesprongen, villäicht rosen an zudéifst traureg fortgaangen? Di Mamm gëtt sech net – eng Mamm eben! Si geheit sech virum Jesus op de Buedem a biedelt: „Här, hëllef mir!“

Nees eng Kéier ass dem Jesus seng Äntwert ganz brutal. „Et ass net richteg de Kanner d’Brout ewech ze huelen an et den Hënn ze friessen ze ginn.“

Doropshin ass d’Reaktioun vun der Fra bemierkenswäert. D’Léift zu hirem Kand an hiren immense Glawen, dass HIEN trotzdeem hirem Kand kann hëllefen, ginn hir Kraaft fir awer trotz allem net opzeginn. Trotz deenen onverständlechen, jo esou guer blessante Wierder si souverän a sachlech a bitt dem Jesus paroli. „Här, Du hues Recht! Awer och d’Hënn friessen d’Grimmelen, déi vun den Hären hiren Dëscher falen.“

Mir wëssen, wéi d’Geschicht ausgeet: De Jesus ass beandrockt vum déiwen an haartnäckege Glawe vun dëser friemer Fra: „Fra, Däi Glawen ass grouss. Wat s Du wëlls soll geschéien – an d’Meedche war geheelt.“

Fir dem Jesus säin ongewinnt Verhalen a seng haart Wierder ze erklären, gëtt et vill Hypotheesen. Ech loossen dat elo emol einfach stoen.

Mee ech wëllt awer drop hiweisen, dass et bei dëser Begéinung de Jesus selwer ass, dee sech vun enger auslännescher Fra iwwerzeege léisst. Jo HIEN ass bereet, seng Virurteeler iwwer Bord ze geheien an nei Weeër ze goen. Waren et bei villen neitestamentleche Begéinungen ëmmer di aner Mënschen, déi sech duerch de Kontakt mat HIM stéiere gelooss hunn a bereet waren, ëmzedenken – esou ass et hei de Jesus selwer, dee sech vun enger friemer Persoun – dozou nach eng Fra – iwwerzeege léisst.

Léif Leit, ech weess net, wéi et Iech dobäi geet. Mech perséinlech beandrockt dat. Wéi wier dem Jesus säi Liewen an d’Verkënnegung vu senger Botschaft verlaf ouni seng Begéinung mat dëser Fra?

A wann hien um Séi Genesareth net vun de Pharisäer a vu senge Frënn zesummegebottert gi wier, da wier hie kaum an dat heednescht Land geflücht, fir sech do eng Zäit zréckzezéien an zur Rou ze kommen.

Dem Jesus seng Erfarung kann eis zwou wichteg Haltunge léieren:

  • Wéi wichteg et ass, op den Avis vun aneren ze lauschteren, och wann dat net ëmmer einfach ass. Keen huet eleng d’Wourecht gepacht.
  • Dass och munches, wat net direkt verständlech ass, trotzdeem fir eppes ka gutt sinn. Et ass wéi ee Virspill vum Ouschtergeheimnis…

Di Begéinung vum Jesus mat der kanaanäescher Fra weist eis, dass och de Jesus huet missen a seng Missioun erawuessen. Awer seng Fäegkeet ëmzedenken huet hien iwwert sech selwer eraus wuesse gelooss.

Villäicht erliewen och mir an eisem Liewen – bedéngt duerch Krankheet oder aner Erfarungen – Situatiounen, wou mir versicht sinn, fir opzeginn. Di Begéinung vun der kanaanäescher Fra mam Jesus invitéiert och eis fir weider ze kämpfen – an nimools opzeginn.

An engem Moment vu Stëllt, wëlle mir dem Jesus eis perséinlech Erfarungen a Suergen, awer och di betraffe Mënschen uvertrauen.

Stëllt

Helleg Maria, Gottesmamm, Tréischterin am Leed – biet fir eis. Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu