lb | fr | pt | en |
Weekend vun den oppene Kierchen
De 6. a 7. Juni maache 35 Kierchen hir Diere fir Iech op
Den éischte Weekend vum Juni (6. a 7. Juni) sinn d’Diere vun eise Kierchen traditionell grouss op fir jiddereen, dee sech fir eise reliéise Patrimoine interesséiert.
Dëst Joer fannen awer leider wéinst der Corona Pandemie keng Concerten, Konferenzen a Visite-guidéeë statt. Dofir kann een awer op eege Fauscht eis Kierche bewonnere goen, eleng an a Rou, mat Mask an der néideger Distanz.
Op www.oppekierchen.lu fënnt een all d’Kierche mat den Ëffnungszäiten, déi um Weekend op sinn an och Fotoen an Erklärungen. 16 vun dëse Kierche sinn dat ganzt Joer op, well si am Reseau vun den oppene Kierche sinn. 19 aner Kierchen hunn sech fir de Weekend vun den oppene Kierchen ugeschloss.
De Weekend gëtt organiséiert vun der ErwuesseBildung, mat der Ënnerstëtzung vum Service Communication et Presse vum Äerzbistum Lëtzebuerg.