lb fr pt en
 
3. Dezember 2019

150 Joer Diözes Lëtzebuerg: Zesumme Kierch sinn - Faire Église ensemble

Entdeckt elo de Programm vum Bistumsjubiläum 2020

2020 feiert d’Diözes Lëtzebuerg hiren 150. Anniversaire. Um Dënschdeg Nomëtteg hunn de Kardinol Jean-Claude Hollerich an d’Membere vum Aarbechtsgrupp “150 Joer Diözes Lëtzebuerg” de Jubiläumsprogramm ënnert dem Motto “Zesumme Kierch sinn - Faire Église ensemble” virgestallt. De Programm ëmfaasst Konferenzen, Publikatiounen, Entdeckungstier duerch d’Stad Lëtzebuerg, Weiderbildungsofferen, Pilgerreesen, Sozialprojeten, Aktivitéiten an de Paren an an de Kléischter wéi och als Héichpunkt d’Oktav 2020...

All Informatiounen zum Jubiläum, de ganze Programm, en Agenda an eng Rëtsch Artikelen zu eenzelne Manifestatioune fannt Dir elo www.cathol.lu/150joer.

150 Joer Diözes Lëtzebuerg

Dat sinn am Laf vum Joer 2020 ë. a.:

- 3 Konferenzen iwwer d’Geschicht vun der Diözes
- 3 Publikatiounen (Geschicht, BD, Evangelien op Lëtzebuergesch)
- D’Oktav als Héichpunkt mat enger Ausstellung iwwer d’Aktivitéite vun der Diözes
- Entdeckungstier duerch d’Stad Lëtzebuerg (fir Kanner, Jonker an Erwuessener)
- Weiderbildungsoffere fir kierchlech Mataarbechter/innen (Haaptamtlecher a Bénévolen)
- E Mataarbechterfest fir kierchlech Mataarbechter/innen
- 4 Pilgerreesen op Oberammergau
- 2 Sozialprojeten, déi am Fokus stinn
- Spirituell an aner Aktivitéiten a verschiddene Poren a Kléischter
- Publikatioun vun engem Timber an de Lancement vum neie cathol.lu

A vill aner Aktivitéiten, déi am Zeeche vum Anniversaire stinn, wéi d’Sprangprëssessioun, d’Nuit des cathédrales, de Weekend „Oppe Kierchen" asw.

All Infoen op www.cathol.lu/150joer

Die Kirche Luxemburgs: Apostolisches Vikariat – Bistum – Erzbistum

1. Seit dem Frühmittelalter ist das Gebiet Luxemburgs auf 6-7 Diözesen verteilt, bes. Trier und Lüttich (den alten römischen Provinzeinteilungen entsprechend).

2. Seit der Einverleibung des Herzogtums ins Burgunderreich 1443 wird der Plan eines luxemburgischen Bistums akut, doch immer wieder hintertrieben durch die Fürstbischöfe von Lüttich und Trier sowie die Abteien des Gebiets (Münster/Lux., Echternach, Orval, St.-Hubert, St.-Maximin, Houffalize).

3. Die Französische Revolution zerschlägt ab 1795 die alten kirchlichen Strukturen und macht den Weg frei für eine eigenständige Luxemburger Ortskirche.

4. Durch das Konkordat Bonapartes wird Luxemburg als „Wälderdepartement“ zur Diözese Metz geschlagen (1801-1823).

5. Das Großherzogtum in Personalunion mit Holland ab 1815. Die Katholiken Luxemburgs werden einer niederländischen Diözese angegliedert: Namür (1823-1833/40).

6. Nach der Belgischen Revolution (1830) kommt es 1833 zur Gründung eines provisorischen Apostolischen Vikariates für die Stadt Luxemburg.

7. Nach dem Vertrag von London (1839) wird für das verkleinerte Großherzogtum 1840 ein eigenes Apostolisches Vikariat eingerichtet: Luxemburg wird eigenständige Ortskirche. Van der Noot Ap. Vikar (1840-41), gefolgt von Jean-Theodor Laurent (1841-48).

8. Luxemburg wird Bistum, Nikolaus Adames erster Bischof von Luxemburg 1870.

9. Das Bistum erhält 1981 die Zivilrechtspersönlichkeit.

10. Papst Johannes Paul II. erhebt die Luxemburger Kirche am 23. April 1988 in den Rang einer Erzdiözese.

Georges Hellinghausen


 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu